
Elo fir déi kal Joreszäit goufen dës Mäntel (Kanner-, Dammen- & Häremäntel) u Mënschen, deenen et finanziell net sou gutt geet, verdeelt.
Tëscht dem 20. an dem 21. November hounge se virun engem Coiffeurssalon zu Esch an der Uelzechtstrooss. Bannent 48 Stonne waren d’Mäntel fort. Dës Aktioun vum Josiane an dem Coiffer Tun hat e risege Succès.
Dowéinst ass elo eng zweet Aktioun geplangt, fir déi nees Mäntel vun alle Gréisste gesammelt ginn.
Wann Dir Mäntel spende wëllt, kënnt Dir Iech beim Josiane Schoder mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 621 324 631.
Déi gesammelt Mäntel gi Sonndes, den 21. a Méindes den 22. Januar 2024 virum Coiffeurssalon zu Esch ausgehaangen a gratis verdeelt.