Neie Service vun den ApdiktenKeng Medikamenter an Automaten erlaabt

Christophe Hochard
Verschidden Apdikten am Land, zum Beispill zu Schuller an zu Kielen, hunn Automate virun der Dier stoen. Dëst zanter ronn zwou Wochen.
Keng Medikamenter an Automaten erlaabt
Verschidden Apdikten am Land, zum Beispill zu Schuller an zu Kielen, hunn Automate virun der Dier stoen. Dëst zanter ronn zwou Wochen.

Do sinn awer just Artikele wéi Zännseef, oder soss Fleegeproduiten, erlaabt. Rezeptfräi Medikamenter, wéi een der am Ausland an Automate fënnt, dierfen hei am Land net op dës Manéier verkaaft ginn. Dëst ass gesetzlech verbueden.

Kuerzerhand hunn déi concernéiert Apdikten hir Produiten nees missen aus den Automaten huelen. Mir hu beim Gesondheetsministère an hirem Service iwwer d’Medikamenter an d’Apdikten nogefrot.

© Christophe Hochard

Back to Top
CIM LOGO