Rout Linne wieren iwwerschratt ginn, esou d'OGBL-Presidentin Nora Back
© Didier Weber
Op enger Pressekonferenz e Freideg de Moie gouf de Koalitiounsprogramm vun der neier Regierung ënnert d'Lupp geholl.
Et wier Programm, deen an den Ae vum OGBL haaptsächlech un déi Räich géif denken an deen op ville Punkten d’Wirtschaft an d’Betriber stäerke géif.
A praktesch all de Walprogrammer wier iwwert den Index rieds gewiescht, huet d’Nora Back betount. D’Erwaardunge waren dowéinst héich.
Nora Back: "Elo kënnt en haarde Widdersproch tëscht enger Koalitioun, déi seet se hält um Index-Mechanismus fest, a gläichzäiteg seet, datt wa méi wéi eng Tranche erfält eng Tripartite zesummegeruff gëtt. Dat ass en No-Go, well mer wëssen, datt déi aberuff gët,t well ee wëll iergendwéi awer un den Index dru goen."
Mam OGBL géif den Index net ugepaakt ginn an och eng Tripartite dierft net genotzt ginn, fir den Index ze manipuléieren. D’Steierpolitik vun der neier Regierung géif an den Ae vun der Presidentin vum OGBL net an d’Richtung vu Gerechtegkeet goen.
Nora Back: "Dat ass en heemleche Wonsch vun enger UEL zanter Joren, fir ze soen, d’Leit mussen esou zur Verfügung stoen, wéi de Patron se brauch oder och net, mam Maximum wéi méiglech ass, mat enger järlecher Referenzperiod."
Op ville Punkte wiere Fuerderunge vum Patronat einfach iwwerholl ginn – wéi bei der Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten.
Nora Back: "Et feelen nach ëmmer 4Tranchen. Et muss also nach eng Adaptatioune kommen. An da komme jo rëm Indextranchë bis zur Steierreform. Do muss och dru geduecht ginn, datt déi ugepasst ginn, an am léifste soll da vun 2026 eng automatesch Upassung vum Barème un d’Inflatioun passéieren."
Ma dat wier haut scho méiglech, mee dat misst iwwer Kollektivverträg geschéien. Donieft beklot den onofhängege Gewerkschaftsbond, datt keng strukturell Erhéijung vum Mindestloun virgesi wier. De Koalitiounsprogramm vun der CSV an der DP géif haaptsächlech an d’Kaarte vun de Betriber an de Leit mat héije Revenue spillen, huet d’Nora Back nach bedauert.