MeteoLuxAlerte Jaune e Samschdeg am Norde vum Land, bis zu -7 °C gemellt

RTL Lëtzebuerg
MeteoLux huet fir e Samschdeg tëscht 3 Auer an 9 Auer eng Alerte Jaune fir den Norde vum Land erausginn.
© Danielle Defay

An där Zäit kënnen d’Temperaturen bis op -5 respektiv plazeweis am Éislek och op -7 Grad erofgoen. Lokal kann et esouguer nach méi kal ginn.

De Rescht vum Dag soll et weider kal awer och méi dréche bleiwen. D’Sonn ka sech dann och ëmmer erëm géint d’Wolleken duerchsetzen. D’Temperature klammen dann och op -4 bis 0 Grad.

E Sonndeg bleift et kal an an der Nuecht kann et bei bis zu -5 Grad och emol fréieren. Am Laf vum Owend ass da plazeweis mat Schnéi ze rechnen, dat bei Temperaturen tëscht -2 an 1 Grad.

Méi naasst Wieder ass da fir e Méindeg gemellt, hei kann et plazeweis schneien, respektiv kann et och emol a Schnéireen oder Reen iwwergoen. Maximal wäert den Thermometer 3 Grad uweisen. Änlech dann en Dënschdeg a Mëttwoch, datt awer scho bei bis zu 5 Grad.

Back to Top
CIM LOGO