Bei der Kierch zu HesperFra gouf ugestouss a schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Géint 17.30 Auer koum et zu Hesper op der Kräizung bei der Kierch zu engem uergen Accident, deen am Raum fir vill Problemer am Trafic gesuergt huet.
© Domingos Oliveira

Wéi d’Police confirméiert, wier hei eng Foussgängerin ugestouss ginn. Den Noutdokter war op der Plaz an d’Fra koum schwéier verwonnt an d’Spidol, esou de CGDIS.

Back to Top
CIM LOGO