D'ONG Coopération Nord-Sud huet op Fluessweiler invitéiert. Zesumme mat den ONGen Ryse an JRS Luxembourg gouf en Austausch gemaach.

Den Hassan an den Gianfranco hunn eng ongläich Geschicht. Point commun ass awer, dass si allen zwee zu Lëtzebuerg hir Heemescht fonnt hunn. Zanter elo annerhallwem Joer verbënnt den 20 Joer alen Hassan an de 57 Joer ale Gianfranco eng Frëndschaft.

Kennegeléiert hu si sech duerch d’Associatioun Coopération Nord-Sud. Den Hassan kënnt aus Afghanistan a lieft elo zanter dräi an engem hallwe Joer am Grand-Duché. Bei Aktivitéite vun der ONG huet hien d’Kanner vum Gianfranco kennegeléiert. Den Gianfranco war deen Ament grad amgaangen, Conduite accompagnée mat sengem Fils ze maachen. Et sollt sech esou erginn, dass hien herno einfach als Fuerinstrukter op Zäit mam Hassan weiderfiert. "Et ass genial, mat enger Persoun, déi ongeféier den Alter vu mengem Fils huet, awer eng ganz aner Kultur, déi selwecht Saachen nach eng Kéier ze maachen", erzielt den Gianfranco.

Virun iwwer 20 Joer ass den 57 Joer ale Mann wéinst senger Aarbecht aus Italien an de Grand-Duche komm. Zanter 7 Joer lieft de Papp elo nees zu Lëtzebuerg. Et wier flott, als selwer Immigréierten dem Hassan d’Land ze weisen, a mat him nei Ecker z'entdecken. Den Hassan weess dës Frëndschaft ze schätzen. "Hie weist mir, wéi een Auto fiert, an hëlleft mir, meng Famill net grad esou vill ze vermëssen", seet de jonke Mann.

Den Hassan an den Gianfranco sinn ee gutt Beispill dofir, wei spannend de kulturellen Austausch fir déi zwou Säite ka sinn, an domat och indirekt wéi d’Integratioun ka gefuerdert ginn.

Projete fir Mënschen zesummenzebréngen, also fir d’Integratioun vu Refugiéeën, hu vill verschidden ONGen hei am Land lafen. Wéi dës ausgesinn, war e Samschden den Owend wärend enger Konferenz vu Coopération Nord-Sud gewuer ze ginn, op där och d’Associatioune Ryse an JRS Luxembourg present waren.

"Ech hunn d’Impressioun, dass d’Administratiounen haut d’ASBLen dacks méi als Sous-traitanten gesinn", bedauter d’Agnès Rausch vum Jesuitte Flüchtlingswierk (JRS), déi sech schonn zanter iwwer 30 Joer engagéiert. Zil vun den ONGen, déi e Samschden Owend zu Fluessweiler waren, wier d’Refugiéeë méiglechst individuell ze begleeden, seet d’Francesca Tavanti vun Ryse.

Well eng grouss Erausfuerderungen hei am Land déi vill Sprooche sinn, ass den Haaptvolet vun der Integratioun d’Sproochen ze leieren. Wat natierlech am einfachsten am direkten Austausch ass. Dofir ginn net just Aktivitéiten ugebueden, wou Mënsche kënnen zesummefannen. Permanent gi Benevole gesicht, déi bereet sinn, e bëssi vun hirer Zäit ze ginn. "Mir maache Binômen tëscht de Residenten an de Refugiéeën", erkläert d’Francesca Tavanti. Gréisste Problemer, nieft der Sprooch, si fir Refugiéen eng Aarbecht an eng Wunneng ze fannen.

D’Aglidderung, souwuel vu Mënschen, déi de Refugiéeësstatut ugefrot hunn, wéi och vun unerkannte Refugiéeën an den Aarbechtsmarché, bleift eng vun de Prioritéiten an Haapterausfuerderungen. Dass d’Refugiéeën iwwerhaapt eng Chance hunn, Fouss ze faassen. Hei begleeden d’ONGen d’Mënschen, déi Hëllef brauchen individuell. D’ONG Coopération Nord-Sud huet grad eréischt en neie Projet lancéiert. Hei wier ee besonnesch op Hëllef vu Mënsche mat laangjäreger Erfarung um Aarbechtsmarché an op Entreprisen ugewisen, erkläert de Roberto Marta, Grënner vun der Associatioun. Äntwerten op d’Fro vun de Besoine vum Marché, d’Offert vu Stagen a Salariéeën, déi bereet sinn, hiert Wësse weiderzeginn, sicht een.

Ryse gëtt et schonn zanter 7 Joer. Haaptuleies ass hei d’Betreiung vu jonken Erwuessene Refugiéeën tëscht 18 a 35 Joer. Bis elo ass et der Associatioun gelongen, 120 Mënschen ze hëllefen, eng Aarbecht ze fannen. E Prozess, deen am Schnëtt tëscht 3 a 5 Joer kéint daueren, seet Francesca Tavanti. Eng 140 Benevolle sinn den Ament bei Ryse engagéiert, eng dovunner 80 si sougenannte Mentoren. Wëll heeschen, dass si méi speziell ee Refugiée op sengem Wee am Grand-Duché begleeden.

Benevolle gi souwuel bei Coopération Nord-Sud, wéi och bei Ryse oder dem JRS Luxembourg ëmmer gesicht. Sou dass d’Integratioun ganz natierlech, an niewebäi funktionéiert, mat enger Beräicherung fir all déi Bedeelegt.