Da wiere si - d'Infirmieren - do, fir si ze berouegen, fir mat hinnen ze schwätzen. D'Ambiance wier nuets eng aner.

D'Sofia Ferreira schafft zanter méi wéi 20 Joer als Infirmière am CHL. D'Nuetsschichten op der Longen-Statioun gehéieren zu hirem Beruff dozou a grad do fillt si sech wuel: "Alles ass méi roueg, mir hu méi Zäit fir eis Patienten."

Infirmier sinn, wier genau dat: Empathie hu mam Patient. "Et kann een de Beruff gären hunn, mee nach laang net jiddereen ass dofir gemaach", sou d'Sofia Ferreira.

Am Kader vun eiser Serie "Nuetsschicht" stelle mir iech reegelméisseg Leit aus der Beruffswelt fir, ouni déi d'Gesellschaft hei am Land net funktionéiere géif. Mënschen, déi eréischt da schaffe ginn, wann anerer schonn hire Feierowend genéissen.