
Wéi de CGDIS schreift, war kuerz viru 16 Auer an der Rue des Remparts zu Wolz en Auto accidentéiert. Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter vu Wolz. Wéi et heescht, wier keng Persoun beim Accident blesséiert ginn.
Géint 16.05 Auer war iwwerdeem an der Lëtzebuerger Strooss zu Beetebuerg eng Persoun ugestouss a blesséiert ginn. Hei waren d’Ambulancieren aus der Stad an d’Pompjeeë vu Beetebuerg op den Asaz geruff ginn.