D'Lëtzebuergescht ass an de leschten 10 Joer zwar liicht zeréck gaangen, bleift awer mat 49 % am Joer 2021 kloer d'Nummer eent.

Nom Lëtzebuergesche kënnt Portugisesch, Franséisch, Englesch an Däitsch. Ënnert den 11 % anere Sproochen, dominéieren déi slawesch Sprooche virun dem Spueneschen. Iwwerdeem hëlt dat Arabescht zou, wéi de Statec en Donneschdeg mellt. Begrënnt gëtt dat am Schreiwes vum Statec virun allem duerch déi rezent Flüchtlingswellen.

Och am Sproochgebrauch doheem oder am ëffentleche Raum hunn 61,2 % vun de Befroten uginn, Lëtzebuergesch ze schwätzen. Hannendru kënnt Franséisch, dat vun iwwer der Hallschent vun der Bevëlkerung geschwat gëtt an Englesch, dat ee Véierel vun der Populatioun schwätzt.

Allgemeng huet sech am Zäitraum tëscht 2011 an 2021 eng Form vun der sproochlecher Polariséierung verstäerkt. Esou ass de Gebrauch vum Lëtzebuergeschen als Haaptsprooch "ultra-majoritär" fir déi "Einheimesch", woubäi den Net-Gebrauch fir déi auslännesch Bevëlkerungsgruppen éischter typesch ass. Tëscht dësen zwou Populatiounen hunn déi "Nei Lëtzebuerger" ee Réckgang vun hirem Sproochgebrauch registréiert.

D'Resultater vum Statec weisen deemno, datt d'Erosioun vum Lëtzebuergeschen als Haaptsprooch lues an net gläichméisseg iwwer déi ganz Populatioun verleeft. Fir de Grupp vun den "Nei Lëtzebuerger", Net-Mammesproochler, déi baussent dem Land gebuer goufen, an awer walberechtegt sinn, ass d'Haaptsprooch net d'Landessprooch, wat dem Statec no op eng schwiereg Integratioun a Participatioun un der Demokratie schléisse léisst.