E Liewen an engem geläämte Kierper
Iwwerliewen zu Lëtzebuerg als schwéier kranke Mënsch ass keng Normalitéit. Et ass e Luxus, deen ee sech muss leeschte kënnen.
D’Nathalie Scheer huet ALS, eng degenerativ Krankheet, wou mat der Zäit d’Signaler aus dem Gehier un d’Muskelen net méi ukommen. Et kënnt zum Muskelschwund dann zur ganz Kierperlämung. D’Nathalie ka sech net méi beweegen, net schlécken, net schwätzen oder autonom Ootmen. D’Liewenserwaardung vu betraffene Patiente gëtt op 3 bis 5 Joer geschat.
D’Nathalie lieft awer schonn iwwer 20 Joer mat dëser onheelbarer Krankheet. De bekannten Astrophysiker Stephen Hawking huet mat de selwechter Krankheet souguer iwwer 50 Joer gelieft an awer huet hien der Mënschheet villes ginn. E Virbild fir d’Nathalie, dat och Bicher schreift, fir de Mënschen eppes vun senger Experienz op de Wee ze ginn.