Réckgang vu PIB ëm 1%No liichter Rezessioun gëtt 2024 eng ekonomesch Reprise erwaart

Jean-Marc Sturm
Lëtzebuerg ass um Enn vum Joer an enger liichter Rezessioun - dat huet de Statec e Mëttwoch a senger neister Nott confirméiert.
No liichter Rezessioun gëtt 2024 eng ekonomesch Reprise erwaart
Lëtzebuerg ass um Enn vum Joer an enger liichter Rezessioun - dat huet de Statec e Mëttwoch a senger neister Nott confirméiert.

D’Rezessioun huet sech Enn vum Joer elo mat engem Minus vun 1% beim PIB confirméiert. Et ass awer just eng kuerz Rezessioun. Fir dat neit Joer soll d’Wirtschaft nees méi Driff kréien, wann och nëmmen an engem gewëssene Mooss, profezeit de Statec.

Fir ze soen, wou d’Rees higeet, muss ee fir d’éischt emol analyséieren, wou d’Land um Enn vun 2023 steet. Do seet de Statec-Direkter Serge Allegrezza.

Mir sinn an enger relativ moroser Situatioun ... Wann ech déi lescht 3 Joer kucken: ’22, d’lescht Joer also, mat enger klenger Croissance vun 1,7% ... dëst Joer eng Rezessioun vun 1% ... d’nächst Joer eng kleng Croissance vun 2% ... Do géif ech soen, dass mir ënnert eisem Potential sinn ... d’Land hei ass net genuch gewuess ...

Wat dat neit Joer betrëfft, setzt een op eng méi labber Zënspolitik vun der europäescher Zentralbank, well d’Inflatioun Richtung 2% erofgeet. Doduerch kéint de Leetzëns ëm bis zu 1 Prozentpunkt falen an domadder d’Scholdzënsen. Dat soll dann fir déi néideg Relance suergen. Global soll et wéi gesot ee Plus vun 2% vum PIB ginn.

Wéinst der méi niddreger Inflatioun gëtt et d’nächst Joer wuel just eng Indextranche. Déi dierft tëscht Juli a September erfalen. Trotz ekonomescher Reprise wäert et keng ganz grouss Hausse bei den Aarbechtsplaze ginn an de Chômage dierft heiheem d’nächst Joer op knapp 6% vun der aktiver Populatioun klammen.

Suerge maachen d’Staatsfinanzen, wou den ëffentlechen Defizit wäert op 2,7% vum PIB an d’Luucht goen, well d’Depensë méi séier wuesse wéi d’Recetten. Mat der wirtschaftlecher Croissance wäert deen Defizit awer nees erofgoen.

An da waarden grouss Erausfuerderunge op d’Land:

Deen een Défi ass dee vun der Transition énergétique, déi eis och wäert an Asproch huelen, a gläichzäiteg hu mer ee ganz groussen Défi: dee vum Finanzéiere vum Sozialstaat, “donc” d’Pensiounen. An ech mengen, dass mir vum nächste Joer un, Laangzäit-Projektioune musse maachen wéi een déi Contrainten do zesummekritt.

Wat weider Previsioune betrëfft gëtt net just op de Budgetsprojet 2024 gewaart, mä virun allem op den neie Stabilitéitsprogramm iwwer 5 Joer. Do dierften nach intressant Saachen op den Dësch kommen.

De Chômage-Taux soll iwwerdeem d’nächst Joer vun 5,2 op 5,9% an d’Luucht goen.

© RTL

D’Staatsfinanze bleiwen och ënner Drock, woubäi d’Ausgabe méi héich bleiwe wéi d’Steierrecetten, sou datt de Staats-Defizit vu Minus 1,7% vum PIB op Minus 2,7% wäert klammen.

Link: D’Schreiwes vum Statec.

Back to Top
CIM LOGO