
Heimat géif d’CSV ee vun hire Walversprieche aléisen, huet d’Deputéiert a Rapportrice vum Gesetzestext Diane Adehm betount. D’Oppositioun stoung deem Ganze méi kritesch géintiwwer.
D’Diane Adehm vun der CSV huet vun enger Adaptatioun geschwat, déi all Steierzueler ze gutt kéim an huet e puer Beispiller genannt:
Bis elo huet e Steierzueler an der Steierklass 1 ab engem Joresakommes vun 11.265 Euro ugefaangen, Steieren ze bezuelen. Vum 1. Januar 2024 u ginn eréischt vun 12.438 Euro u Steieren bezuelt. D’steierfräit Joresakommes geet also ëm ronn 1.200 Euro pro Joer erop.
An den Ae vum Sven Clement vun de Pirate misst ee vun enger Steierneutralisatioun amplaz vun enger Erliichterung schwätzen :
Well fairerweis muss ee soen, datt dës Kéier net 4 Tranchen ugepasst ginn, mee eng an eng hallef Tranche dobäi gesat ginn. Well dës Chamber huet dëst Joer schonn 2 an eng hallef Tranche ugepasst, dat war am Summer.
De Franz Fayot vun der LSAP huet zwar begréisst, datt eppes fir d’Kafkraaft vun de Leit géif gemaach ginn, mee et kéint een net vu Gerechtegkeet schwätzen, well kloer wier, datt net jiddereen nämmlecht ënnert der Präisdeierecht an den héijen Zënsen leide géif:
Wann een elo higeet an de Barème nach eemol ëm 1,5 Indextranche berengegt, da kritt jiddereen eng Tournée generale, wéi de Marc Baum et lescht Kéier a senger Ried sot. Mee just op éischt Siicht. Well a Realitéit kënnt deen, dee vill huet, besser ewech, wéi deen dee wéineg huet.
De Käschtepunkt vun der Adaptatioun, déi an der Chamber gestëmmt gouf, läit bei ronn 480 Milliounen Euro.