Déi geopolitesch Tensiounen uechter d'ganz Welt, brénge mat sech, dass weltwäit och nees méi Leit op der Flucht sinn.

Anerer versprieche sech an engem anere Land e bessert Liewen. Dem Hëllefswierk fir Flüchtlinge vun der UNO no, gouf 2023 en traurege Rekord gebrach: An der Hallschent vun dësem Joer waren déi éischte Kéier weltwäit iwwer 110 Millioune Persoune vun doheem fort. Dovu gutt 36 Millioune Flüchtlingen.

D'Migratioun – en Thema, dat och dëst Joer nees international, an Europa an och heiheem fir kontrovers Debatte gesuergt huet.