Optakt vun der Serie "Réckbléck"
Kënnt déi grouss Steierreform nach?
Dat war eng Fro, déi sech um Ufank vun dësem Joer nach gestallt gouf.
Ëmmerhin hat Blo-Rout-Gréng bei hirem Amtsuntrëtt eng fundamental Reform versprach. No 10 Joer war se an Zäite vun Inflatioun net finanzéierbar.
Unisono waren d'Parteien der Meenung, dass de Steiersystem awer net méi gerecht ass – och wa se ganz ënnerschiddlech Mesurë proposéiert hunn.
Nëmme logesch, dass d'Steierdebatt wärend dem Walkampf eng grouss Roll ageholl huet – an um Enn och déi Parteie beienee fonnt hunn, déi a Saache Steieren am nooste beienee louchen.
Am meeschte gelies