Déi éischt zwee Läschfliger, déi d'Cargolux kaf huet, sinn e Freideg um Fluchhafen zu Lëtzebuerg ukomm.

D'Lëtzebuerger Cargo-Gesellschaft confirméiert e Freideg d'RTL-Nouvelle aus dem November, datt een d'Aktivitéiten diversifizéiert. Op sozialen Netzwierker gëtt déi nei Geschäfts-Unitéit presentéiert, déi "Aquarius Aerial Firefighting" heescht. D'Bekämpfung vu Bëschfeiere wier en neit Kapitel an der Geschicht vu Cargolux. Beim Fliger-Typ handelt et sech ëm d'US-Fabrikat Air Tractor AT-802F Fire Boss.

De Generaldirekter Richard Forson preziséiert an engem interne Schreiwen, datt déi zwee éischt Fligere vu Spuenien erfort via Frankräich op Lëtzebuerg bruecht gi sinn. Bannent den nächsten 3 Joer sollen am Ganzen 12 Maschinne kaaft ginn. RTL-Informatiounen no läit de Käschtepunkt bei 72 Milliounen Dollar.