An der Chamber ginn et eng Partie nei Gesiichter, ma och al Bekannter.

Vu baussen huet sech d'Bild vun der Chamber, trotz Chantier, u sech net weider verännert. Mee mëttlerweil ginn hei net méi all déi selwecht Persounen eran, ewéi nach virum 8. Oktober. Wuel goufen eng ganz Rei Deputéiert erëmgewielt, mee et sinn och nei Gesiichter um Krautmaart ze gesinn.

Ënnert den insgesamt 60 Parlamentarier sinn iwwregens 20 Fraen. Si maachen also 1 Drëttel aus. Déi jéngst Deputéiert mat 27 Joer an den eelste Chambervertrieder mat aktuell 71 Joer fënnt een an de Reie vun der LSAP.