Nuetsdéngscht an der IntensivfleegEt gëtt ëmmer eppes ze dinn

Tim Morizet
Schaffen ënner voller Konzentratioun, an dat déi ganz Nuecht. Eng Nuetsschicht an der Intensiver Fleeg huet Usproch.
Et gëtt ëmmer eppes ze dinn
Schaffen ënner voller Konzentratioun an dat déi ganz Nuecht. Eng Nuetsschicht an der Intensiver Fleeg huet Usproch.

Well wat een op enger Schicht erwaart, ass ëmmer ongewëss – och iwwert d’Chrëschtdeeg.

Et ass 9 Auer a scho längst däischter dobaussen. Schicht-Start fir d’Nuetsgarde an d’Infirmière Sarah Zoubiri. Eréischt a gutt 10 Stonne wäert si d’Gebai nees verloossen. Wat si wärend hirer Nuetsschicht erwaart, ass ëmmer schwéier anzeschätzen.

“Et weess een ni, mat wat ee bemol ka konfrontéiert ginn. Et kann all méiglech Urgence bemol erakommen. Egal um wéi vill Auer. Dat kënnt och emol um Schluss vun enger Schicht fir. Ech sinn um 7 Auer moies fäerdeg – ech hat och schonn Urgencen, déi um um 10 fir 7 bemol rakoumen. An da bleiwe mer och méi laang, fir de Kolleege vun der Fréischicht ze hëllefen”, erkläert déi 34 Joer al Infirmière.

Fäerdeg ugedoe ginn elo d’Hänn gewäsch, ier mat den Aarbechtskolleegen de Programm vun der Nuecht diskutéiert gëtt. Et ass den Transfert vun der Spéit- op d’Nuetsekipp am CHL op der koronaler Intensiv-Fleeg. Dës Nuecht sinn d’Infirmieren zu zwee.

D’Patienten op der U45 hu Problemer mam Häerz, respektiv blockéierten Arterien. Perséinlech Schicksaler, déi engem och emol noginn, esou d’Sarah Zoubiri:

Ech hat meng häertste Serie un Nuetsschichten elo rezent réischt. Ech war hei an der Reanimatioun fir zwou Nuechten. Déi éischt Nuecht ass den Zoustand vun enger Patientin séier méi schlecht ginn. Et ass op de Punkt komm, datt mer se hu misse reaniméieren. Leider konnte mer se net retten. Dat deet engem natierlech ëmmer wéi. Dobäi koum, datt mer den Dag drop eng ‘urgence vitale’ haten. E Patient, dee mer ganz gutt kennen, hat eng Häerzinsuffizienz. Hien ass dacks hei, well e chronesch krank ass. Hie kennt jiddereen hei beim Virnumm. Deen Dag goung et him och ganz schlecht. Et koum op de Punkt, datt mer hien hu missen an d’Ausland schécken, fir säi Soin kënnen ze garantéieren.”

Déi ganz Nuecht héich konzentréiert

All Infirmière këmmert sech ëm maximal sechs Patienten. All Ament kéint eppes geschéien. Et gëllt also – och op méi rouegen Owender, ewéi hei op Chrëschtdag, wou just zwee Better besat sinn - konzentréiert ze bleiwen.

Et piipst konstant an de Gäng. Ëmmer nees kuckt d’Personal mat engem Aen op d’Ecranen, déi an der Zentral installéiert sinn. Si weisen d’Wäerter vun de Patienten. Bols, Bluttdrock, Sauerstoffgehalt. All d’Wäerter mussen am Lot sinn. D’Sarah Zoubiri wierkt entspaant, mee:

Mir schaffen am Fong schonn ënner konstantem Stress. Mir sinn dat ganzt Joer einfach 24 Stonnen ‘en garde’. Egal wéi, ee Patient deen een Infarkt, en Häerzinfarkt huet, lant bei eis. Mir sinn eis däers awer bewosst. Wëssen also domadder ëmzegoen.”

“Mir wënschen eis all méi Zäit fir de Patient”

Ee männlechen an eng weiblech Patientin. Ëm déi këmmert sech d’Infirmière en Dënschden. Eng Fra, Mëtt 60, e jonke Schüler, knapps 16 Joer. D’Sarah Zoubiri huet hiren Job gären a sicht de Kontakt mat de Patienten. Och wann dat – besonnesch wann owes Urgencë rakommen – dacks net esou klappt, wéi een et sech wënscht:

Dat ass eng Saach vum Zoufall. Bei enger Nuecht ewéi dës hunn ech genuch Zäit, fir mat de Patienten ze schwätzen. Da profitéieren ech och gären. Mir probéieren och wierklech empathesch mat de Leit ze sinn. Mee op verschiddenen Deeg, wou vill Entréeën am Ufank vun enger Schicht sinn, ass dat ganz schwéier. Dat frustréiert dann natierlech. Besonnesch wann ee sozial ewéi ech ass.”

Fir dohin ze kommen, brauch et deels méi Personal. Jonk, motivéiert Blutt, dat sech fir de Soin interesséiert. Esou entsteet Beruffs-Zefriddenheet.

Ass vill lass, da kënnen eng 10 Persounen den Dag d’U45 am CHL passéieren. Op Chrëschtdag awer bléift et roueg. No 10 Stonnen ass dem Sarah seng Schicht eriwwer. No engem kuerzen Nomëtteg-Iesse bei der Famill geet et virun. Well a 14 Stonnen, da geet et schonn an déi 2. Ronn.

Back to Top
CIM LOGO