Bilan Meteo2023 war ze waarm an ze naass

Diana Hoffmann
2023 ass global gesinn offiziell dat wäermste Joer, wat jee opgezeechent ginn ass. D'Enregistrementer ginn zwar just 170 Joer zréck.
Bilan Meteo 2023
Ze waarm an ze naass.

Mat Simulatioune kann een awer rekonstruéieren, dass et an de leschten 125.000 Joer kee méi waarmt Joer ginn ass.

Zu Lëtzebuerg steet och scho fest, dass d’Joer ënnert den Top 3 vun de wäermste jeemools gemoosse Joer wäert falen. Wou genee, hänkt elo nach vun de leschten Deeg vum Joer of, erkläert de Klimatolog a Chef vum ASTA-Meteoservice Andrew Ferrone.

“Déi wäermste Jore bis elo waren 2022 an 2020. A mir wäerten an deene Beräicher och hei zu Lëtzebuerg sinn. Mer haten iwwer d’Joer vill Ree kritt. 25 Prozent méi, wéi dat normalerweis de Fall ass. Mer haten awer och Méint wéi zum Beispill de Mee an de Juni, déi effektiv zimmlech dréche waren. Also de Summer huet relativ dréchen ugefaangen an dono ass awer vill Reen nokomm.”

Waarm a Reen ass e Phänomeen, op dat ee sech an Zukunft hei am Land wuel muss méi dacks astellen.

“D’Atmosphär, déi méi waarm ass, ka méi Fiichtegkeet ophuelen an doduercher kënnt et och potentiell zu méi Reen. Dat dréckt sech virun allem nidder a staarken an extremen Nidderschléi. Dat gesi mer och hei zu Lëtzebuerg a weltwäit, dass déi an d’Luucht ginn. Wat elo déi laangfristeg Tendenze vum Reen uginn, gesi mer hei zu Lëtzebuerg, dass sech iwwer d’Jore statistesch gesinn net esouvill ännert.”

Generell géing ee scho gesinn, dass d’Wantere méi naass ginn an d’Fréijoer méi dréchen. De Moment wier et esou, dass mer an engem sougenannten El Nino-Joer wieren, seet den Andrew Ferrone.

“Et gëtt och erwaart, dass 2024 och nees e ganz waarmt Joer gëtt. Hei zu Lëtzebuerg kann een dat net sou kloer viraussoen. Do si laangfristeg Previsioune méi schwiereg. Och wat de Reen ugeet, kann een net viraussoen. Et muss ee sech awer allgemeng drop astellen, dass d’Tendenz esou weidergeet, wéi bis elo. Zumindest iwwer déi nächst 30 Joer.”

A fir d’Weltklima géing dat am Resumé heeschen, dass d’Temperaturen an d’Luucht ginn. Et géing also méi dréche ginn an d’Wiederextremer, wéi extrem Nidderschléi géinge méi heefeg ginn.

PDF: Schreiwes vum Gouvernement

Back to Top
CIM LOGO