Wat géift dir, ouni laang z’iwwerleeën, äntweren, wann der gefrot géift, wat iech zum Wuert "Walcampagne 2023" afält?

Goufen et speziell Amenter an de Woche virun de Walen, gouf uerdentlech gestridden? An u wat erënnert ee sech nach vum Walowend ? D’Nationalwalen 2023 hunn dem Land e gréissere Wiessel an nei Gesiichter bruecht. Fir eise Réckbléck vun haut hu mer awer och eng Rei – nenne mer se "speziell Zeenen" erëmfonnt.