2023 war zu Lëtzebuerg ee Superwaljoer. Virun de Chamberwalen um 8. Oktober waren d'Bierger schonn den 11. Juni opgeruff, nei Gemengeréit ze bestëmmen.

A siwe vun den deemools 102 Gemenge war dat allerdéngs net de Fall. Zu Buerschent, Noumer, Stadbriedemes, Viichten, Wanseler a Weiler zum Tuer hate sech net méi Kandidate gemellt, wéi Plazen ze vergi waren. Well et der zu Noumer nëmme sechs waren, gouf et Komplementarwalen. Zu Bäerdref hunn d'Walen iwwerdeems wéinst dem Doudesfall vun engem Kandidat verréckelt musse ginn. Zu Beefort gouf zwar gewielt, mee well ee Kandidat onrechtméisseg ugetruede war, goufen d'Wale widderholl, dat wéi zu Bäerdref an Noumer parallel zu de Chamberwalen, den 8. Oktober. Ma an deene meeschte Gemenge gouf awer gewielt. Wärend an enger Partie dovunner d'Buergermeeschteren a Majoritéite confirméiert goufen, ass et awer och zu enger Rëtsch Wiessele komm.

Gefillt jidderee wollt Stater Buergermeeschter ginn. Mat der CSV, der DP, deene Gréngen an der LSAP haten net manner wéi véier Parteien ee Buergermeeschterkandidat. Ma no de Wale war awer direkt kloer, datt d'Lydie Polfer hire Poste behale géing. Zimmlech séier huet sech och ugedeit, datt d'Koalitioun aus DP an CSV weiderfuere géing.

Lydie Polfer (Stater Buergermeeschtesch): "Gitt eis d'Chance, datt mer eis mol eng Kéier offiziell un een Dësch sëtzen a mir fannen do ganz bestëmmt eng ganz uerdentlech Léisung."

Net sou kloer war d'Situatioun dogéint an der zweetgréisster Gemeng vum Land. Zu Esch koum d'LSAP op déi éischte Plaz, dat awer mat grad emol 36 Stëmme Virsprong op d'CSV. D'Stëmmung bei de Sozialiste war deementspriechend gutt.

Steve Faltz (deemolege Spëtzekandidat vun der Escher LSAP): "Mir hunn déi Walen haut den Owend hei gewonnen. Mir hunn den Usproch, fir déi Koalitioun ze stellen. Dann ass et och un eis, fir lo ze kucken, eis un een Dësch ze setzen an ech hoffen, datt déi jeeweileg Partner bereet si mat eis ze schwätzen."

Ma dozou waren déi aner awer net bereet. Ganz am Géigendeel, CSV, DP an déi Gréng hunn an enger rekordverdächteger Zäit Neel mat Käpp gemaach an de Georges Mischo ass Buergermeeschter bliwwen. Virun allem d'Verhale vun deene Gréngen, déi vun dräi op zwee Sëtz gefall waren, gouf kritiséiert. Déi hu sech op d'Arithmetik behaapt.

Meris Šehović (15. Gewielten zu Esch): "Dat wat ebe virun allem zielt, an ech mengen dees muss sech jidderee bewosst sinn, all d'Parteien hei zu Esch. Fir ze regéieren, braucht een eng Majoritéit, eng Majoritéit sinn zéng Sëtz am Gemengerot. An déi hunn déi dräi Parteien, déi hei sinn."

Kee Gemauschels gouf et zu Déifferdeng. Hei hu mat der LSAP an der CSV déi zwou stäerkste Parteien eng Koalitioun forméiert. Wärend den neie Buergermeeschter Guy Altmeisch sech freeë konnt, gouf et bei deene Gréngen, déi vu siwe Sëtz der just dräi rette konnten, laang Gesiichter.

Laura Pregno (deemoleg Déifferdenger Schäffin): "Et ass kloer, mir hu vill verluer a mir sinn enttäuscht." Nofro vum Lynn Cruchten: "Wourunner louch et? Ass dat dann awer eng Affär Gaardenhaischen, ee Buergermeeschterwiessel? Wéi konnt et dozou kommen?"

Laura Pregno: "Ech mengen et ass een Zesummespill vu ville Facteuren. Also d'Gaardenhaischen huet definitiv dozou bäigedroen, mir hate Corona, de Buergermeeschterwiessel mam Gaardenhaischen, eng ganz jonk an nei Ekipp. Ech denken do sinn eng ganz Rei Parameteren zesummekommen, déi dat Resultat do maachen."

 

Bei den Noperen zu Péiteng gouf et am Verglach mat 2017 eng zimmlech an d'Këscht fir d'CSV. Ma trotz dem Verloscht vun 12 Prozent hu sech déi Chrëschtsozial selbstbewosst gewisen.

Jean-Marie Halsdorf (Péitenger Buergermeeschter): "Ganz éierlech, mir sinn déi stäerkste Partei an da kann een den Usproch hunn, datt ee gären de Buergermeeschterposte behält. Da muss ee kucke wat de Schäffen ugeet, wéi mer do virginn. Dat gesi mer, dat diskutéiere mer an deenen nächsten Deeg an da kucke mer."

Um Enn goufe sech CSV an LSAP eens, hir Koalitioun ze verlängeren.

Zu Iechternach war et iwwerdeems den Out fir Schwaarz-Rout. Nach méi Zoustëmmung wéi déi zwou Koalitiounsparteien haten déi Gréng verluer. Hei kéint dem Christophe Origer säi Wiessel vun der CSV bei déi Gréng eng Roll gespillt hunn. Eenzegen a grousse Walgewënner an der Abteistad war d'DP ronderëm d'Carole Hartmann. Datt si Buergermeeschtesch wéilt ginn, war schonn um Waldag kloer, de Koalitiounspartner allerdéngs net.

Carole Hartmann (Iechternacher Buergermeeschtesch): "Ech sinn als Spëtzekandidatin an Éischtgewielte vu menger Lëscht, vun der demokratescher Partei, natierlech bereet, fir déi Verantwortung do ze iwwerhuelen. Mee mir sinn an enger Demokratie, mir hunn dräi Sëtz, dat geet mat Sécherheet net duer, fir eng Majoritéit ze stellen, dofir musse Gespréicher mat anere Parteie gefouert ginn."

An bei deene Gespréicher schéngt d'LSAP méi iwwerzeegt ze hunn wéi d'CSV, well Iechternach gëtt elo vu Blo-Rout regéiert.

Zu Ettelbréck gouf d'Koalitioun confirméiert an awer gouf et eng Ännerung, aus Schwaarz-Rout gouf Rout-Schwaarz. D'LSAP konnt nämlech ee Mandat gewannen a kënnt, wéi d'CSV, op fënnef. Bei de Prozenter koum een um Enn esouguer op déi éischte Plaz. Sou stoung dann och schonn um Walowend fest, datt de Bob Steichen an de Jean-Paul Schaaf d'Poste vum Buergermeeschter a vum 1. Schäffen tausche géifen.

Bob Steichen (Ettelbrécker Buergermeeschter): "Mir hunn eis virdru kuerz zesummegesat a mir gesinn eis muer den Owend nach eng Kéier. Mee och an deene Gespréicher war kloer, datt si dat och agesinn hunn, wann een d'Walresultat kuckt a gesot hunn, wa mer een definitiven Accord fannen, datt ech dann och sechs Joer Buergermeeschter ginn."

Jean-Paul Schaaf (1.Ettelbrécker Schäffen): "Dann heescht dat, ënnert anerem, och datt déi bestoend Koalitioun eigentlech och vum Wieler confirméiert ginn ass. Do ass lo keen, deen e Sëtz verluer huet, et ass keen, deen do lo sou schlecht ewech kënnt. Do ass eng Duerchmëschung innerhalb vun der Majoritéit komm, wou ee seet voilà, dat Kräfteverhältnis do, dat sollt dir vläicht mol nach eng Kéier op de Leescht huelen."

 

Vläicht wollten déi Dikrecher einfach genee de Contraire vun deenen Ettelbrécker maachen, wéi och ëmmer, an der Ieselsstad ass ee vun engem LSAP eriwwer bei een CSV-Buergermeeschter gewiesselt. Ma firwat hunn d'Sozialisten ronn 10 Prozent an domadder hir absolut Majoritéit verluer?

 

Claude Thill (deemolegen Dikrecher Buergermeeschter): "Ech géing et awer den Owend net un engem Thema festmaachen. Ech mengen, datt d'Ursaache vläicht méi villfälteg sinn an datt een dat eng Kéier muss analyséieren. Et ass och vläicht, well een aus enger zwielefjäreger absolutter Majoritéit raus kënnt, datt d'Leit gesot hunn, et geet duer, et misst een dat demokratesch eng Kéier nei opstellen. Mee d'Resultat ass awer och fir mech perséinlech eng Iwwerraschung."

 

Datt d'CSV quasi genee esou vill Stëmme wéi d'LSAP krut, dierft och den CSV-Spëtzekandidat Charel Weiler iwwerrascht hunn, deen elo un der Spëtzt vun enger Koalitioun mat der DP steet.

Een änlechen Zenario gouf et nach méi wäit am Norden zu Wolz. Ronn siwe Prozent huet d'LSAP ronderëm de fréiere Buergermeeschter Fränk Arndt verluer an d'LSAP-CSV-Koalitioun gouf duerch eng CSV-DP-Koalitioun ersat. D'Interpretatioune vum Walresultat goungen nawell wäit auserneen.

Michael Schenk (Wëlzer LSAP-Conseiller): "Mir hunn d'Plaz eent an d'Plaz dräi gemaach, den Här Waaijenberg an den Här Comes hunn d'Plaz zwee an d'Plaz véier gemaach. Dat ass fir eis ee klore Statement vum Bierger, datt se wollten, datt sou weidergeschafft gëtt. Alles anescht ass just Postengeschacher a Muechtspiller."

Maurice Muller (Wëlzer DP-Conseiller): "Ech mengen och, datt de Wieler ganz kloer gesot huet, wat e wëllt. Hie huet eis 2,3 Mol méi Lëschtestëmme ginn an domat kloer gesot, hei mir wëlle gären ee Changement an dee Wielerwonsch hu mir och respektéiert a si lo mat der CSV gaangen."

 

An dowéinst sëtzt no bëssi méi zéie Koalitiounsverhandlungen elo d'Carole Petitnicolas-Weigel um Buergermeeschterstull zu Wolz.

Och zu Klierf ass et zu engem Wiessel komm. Wärend d'CSV ronderëm de laangjärege Buergermeeschter (Député-maire) a Syvicol-President Emil Eicher vu sechs op dräi Sëtz ofgestierzt ass, konnt sech d'Biergerlëscht Gemeng Cliärref vun engem op véier Mandater verbesseren. Schonn um Walowend war zimmlech kloer, datt de Georges Keipes nom Poste vum Gemengepapp gräife géing.

"Mir haten natierlech och am Viraus intern Gespréicher wéi mer eis géinge behuelen, jee nodeem wéi vill Sëtz déi eng oder déi aner kriten. An déi Gespréicher gi mer muer direkt schonn un. Mir sinn ugetruede fir de Wiessel an ech mengen dat heite war ee kloert Resultat an ech sinn op, fir de Buergermeeschterposten ze iwwerhuelen, jo."

 

Ma zu engem radikale Changement ass et awer net komm, d'Koalitioun mat der CSV gouf nämlech verlängert.

Méi radikal war d'Verännerung da schonn an der Majorzgemeng Veianen, wou de Gemengerot quasi komplett nei besat gouf. Déi éischt Hallschent vun der Legislaturperiod wäert de François Weyrich an déi zweet Hallschent de Paul Petry d'Amt vum Buergermeeschter bekleeden. Op deen neie Biesem dann och wierklech besser kiert, wäert sech, wéi an all deenen anere Gemengen, an deenen nächste Jore weisen.