Persoun notzt Facebook-Profil vum Gilles Baum fir Bedruch

Um Facebook-Profil vum DP-Politiker Gilles Baum war e Screenshot ze gesinn, wou dësen eng héich Zomm op säi Kont iwwerwise soll kritt hunn.
Iwwert der Foto steet dann de Gilles Baum hätt d'lescht Joer Suen op der Bourse investéiert an en héije Gewënn gemaach. Am Beitrag ass dann e gewëssene Martin Perrson verlinkt. Dëse soll Mentor an Trainer an dëser Saach gewiescht sinn.
Op der Foto, déi dobäi ass, ass e Screenshot vun engem Telefon ze gesinn, mat enger Foto vum Gilles Baum am Hannergrond an ënnen eng Notifikatioun vun der Spuerkeess, déi seet, dass bal 1 Millioun Euro vu Global Stock op de Kont iwwerwise goufen.

Ënnert dësem Post hunn eng Partie Leit kommentéiert, si hätten dat och scho probéiert oder wéilten et probéieren.
Ma opgepasst hei handelt et sech ëm Bedruch!
Sënn vun dësem Post ass et natierlech, nei Leit ze erreechen an un hir perséinlech Donnéeën ze kommen. D'"Affer" investéieren da Suen, well si sech och esou e Gewënn verspriechen, ginn awer duerno batter enttäuscht, wann d'Sue fort sinn a si kee Retour méi kréien.
Fir dës Arnaque méi glafwierdeg ze gestalten, gouf de Gilles Baum, e Lëtzebuerger Politiker, als Vermëttler genotzt. Dobäi ass dëst Facebook-Profil mol net wierklech vum Gilles Baum selwer.
Dësen Account ass zënter 2018 aktiv, huet dem Gilles Baum seng Fotoe vu sengem Original-Profil kopéiert an 2018 reegelméisseg gepost. Den Account schéngt viru kuerzem rëm aktivéiert ginn ze sinn a gouf du fir dëse Bedruch benotzt.
Mat dësem falschen Account goufen och Kolleegen a Bekannte vum Gilles Baum ugefrot, esou dass et op den éischte Bléck net direkt opfält, dass et e falsche Profil ass.
Duerch dëse Post ass de Fake-Account awer elo opgeflunn an de Gilles Baum selwer huet dëse späre gelooss. Senge Kolleege wier et net onbedéngt opgefall, dass et e falschen Account wier, well seng Fotoen ëmmer rëm kopéiert goufen a fir de falschen Account genotzt goufen.
Op alle Fall ass de Fake-Account elo gespaart an de Gilles Baum verséchert eis, dass hien nach ni op der Bourse investéiert huet an och net esou en héije Gewënn ausbezuelt krut.

Passt also op, wien Dir op Facebook als Kolleeg ufrot oder akzeptéiert. Eng Foto ass séier kopéiert an e Fake-Profil séiert erstallt.
Bei Bee Secure fannt Dir ëmmer rëm hëllefräich Tipps, wéi Dir Iech am Internet besser schütze kënnt.
Wéi kann ech mäi Facebook-Profil schützen?
Esou erkennt Dir Bedruch am Internet.