An eisem Réckbléck komme mer op e puer vun de Geriichtsprozesser zeréck, déi zejoert besonnesch interesséiert hunn.

Verschidden Affäre si séier kloer. Bei aneren ass d'Sich no der Wourecht méi komplizéiert. Heiansdo ass se ënnerhalsam, heiansdo tragesch. Ma eppes ass kloer, langweileg war et och d'lescht Joer um Geriicht just seelen.

Mir hunn op déi Affären zréckgekuckt, déi de Journalisten am meeschten an Erënnerung bliwwe sinn.

Ugefaange mat zwee Hesper Gemenge-Beamten déi iwwer Jore Suen detournéiert hunn.