Drëtten Tripartitesaccord bannent 2 Joer
850 Milliounen Euro kaschten d'Mesuren, déi an der Tripartite decidéiert goufen, de Staat.
2022 loung d'Inflatioun zu Lëtzebuerg bei 6,3 Prozent. Fir 2023 gouf et e liichten Réckgang. Ma nawell huet d'Regierung e weider Tripartite missen aberuffen. Am 3. Tripartite-Accord bannent zwee Joer goufe weider Mesuren an Héicht vun 850 Milliounen Euro decidéiert.
D’Ofkommes gesäit vir, datt de Präisdeckel op Gas a Stroum bis 2024 verlängert gëtt. D'Steiertabell gëtt op den 1. Januar 2024 ëm zwou an eng hallef Indextranchen un d'Inflatioun ugepasst an d'Betriber kréien d'Garantie, datt an Zukunft tëscht den Indextranchen 8 bis 9 Méint leie sollen.
Op EU-Niveau versicht d’Europäesch Zentralbank zu Frankfurt, der Inflatioun entgéint ze stéieren. 2023 huet d’EZB de Leetzëns 6 Mol gehéicht. Den aktuellen Taux läit elo bei 4,5 Prozent.