Lëtzebuerg zielt nach ëmmer zu de räichste Länner op der Welt. Mee och hei am Land hunn ëmmer méi Leit finanziell Suergen.

Koalitiounsverhandlungen um Sennenger Schlass. Den «neie Luc» iwwerrascht mat enger Prioritéit, déi seng Kritiker him esou net onbedéngt zougetraut hätten: «Ee vun de groussen Theme fir eis ass de Kampf géint d’Aarmut.» Mee am Regierungsalldag ukomm, do kléngt de Premier Frieden a Saachen Aarmutsbekämpfung scho méi nuancéiert. Hie misst de Phänomen fir d’éischt emol verstoen, erkläert hien am RTL- Neijoerschsinterview «Et huet och mat der Interpretatioun vun de Chifferen ze doen. Et ass kloer, dass an enger Gesellschaft, wou d’Leit méi verdéngen, dass och d’proportionell d’Zuel vun deenen, déi an der Aarmut an am Aarmutsrisiko sinn, méi héich gëtt.»Mee ass d’Aarmut zu Lëtzebuerg nëmmen e statistesche Phänomen? Nee, soen d’Associatiounen, déi um Terrain schaffen. Och hei am Land géif d’Schéier tëschent Aarm a Räich ëmmer méi wäit ausernee goen. D’Stëmm vun der Strooss beispillsweis huet viru véier Joer 100-000 Iessen zerwéiert, 2023 waren et der schonn 150.000. Ee vu fënnef Residenten lieft un oder ënnert der Aarmutsgrenz. Den Taux vun de «Working Poor» läit bei iwwer 13 Prozent, et ass ee vun den héchsten an der Eurozon. Och d’Kanneraarmut ass zu Lëtzebuerg besonnesch ausgepräägt: eent vu véier Kanner ass mat Aarmut konfrontéiert.

Am Oktober spëtzt sech och d’Situatioun an den Opfänkstrukture fir Refugiéeën zou. Ze mann Better fir ze vill Leit. D’Regierung decidéiert, d’Dublin-Critäre méi streng z’applizéieren. Mam Resultat, dass d’Flüchtlingen uechtert d’Stad wéi beispillsweis ënnert der Neier Bréck an Zelter hausen. Och dës wëll Campen maachen de soziale Misär ëmmer méi offensichtlech. Mee net nëmme Flüchtlinge liewen op der Strooss. De Léon Kraus vun der Aktioun «Noel de la Rue» observéiert, dass och ëmmer méi Lëtzebuerger keen Daach méi iwwert dem Kapp hunn. Dës Sans-Abrise goufen um Enn vum Joer och onfräiwëlleg zum Spillball vun enger politescher Ausernanersetzung. Déi nei Majoritéit setzt den Heescheverbuet duerch a muss sech vun der Oppositioun «pure Populismus» reprochéiere loossen. Fir d’Stater Conseillère Maxime Miltgen (LSAP) gëtt mam Heescheverbuet awer net d’Aarmut bekämpft, mee nëmmen déi Aarm.

Wärend d’Politik iwwert d’Strummerte streit, schloen d’Associatiounen, déi se betreien, Alarm: «Mir kréien et net méi verstoppt an elo reegen d’Leit sech op. Ech gesi schwaarz. Wann et esou weider geet, da geet et fir eis sozial Kohesioun», seet d’Alexandra Oxacelay vun der «Stëmm vun der Strooss». Och aner Acteuren um Terrain fille sech net nëmmen iwwerfuerdert, mee och ëmmer méi vun der Politik eleng gelooss. D’Carole Reckinger, politesch Spriecherin vun der Caritas, mécht en Appell: «En Office Social oder och eng Caritas ass net do, fir déi grouss Well vu Leit opzefänken. Eise Rôle ass et, d’Leit, déi duerch d’Netz falen, opzefänken. Mee wann et där ëmmer méi ginn, da muss eppes aneschters geschéien.»