D‘Police warnt nees viru sougenannte Phising-Noriichten, déi angeblech vun der CCSS oder der CNS solle kommen.

Mat de falsche Message probéiere Krimineller, u perséinlech Daten ze kommen. Et gëtt behaapt, dass d‘Kaart vun der Sécurité Sociale ofgelaf ass an et ass e Link dobäi. Dee soll een op kee Fall uklicken an och soss keng Donnéeën erausginn.

E Samschdeg wieren nees zwou Persounen Affer ginn, esou d'Police. D‘Police erënnert an deem Kontext drun, esou Messagen z‘ignoréieren. Wien awer e finanzielle Schued huet, soll sech beim nächste Kommissariat mellen a Plainte maachen. Och d'CNS huet eng Warnung erausginn.