
Mä wie muss eigentlech den Trottoir schëppen a streeën? Wien haft, wann ee fält? A wat ass, wann ech net doheem sinn?
Och wann de Schnéi schéin unzekucken ass, sinn domat och glat Trottoire verbonnen. An et heescht: schëppen a streeën. Wann nämlech ee fält a sech wéi deet, kéint et deier ginn. Virop gesot, all Gemeng huet hiert eegent Reglement.
An der Stater Gemeng sinn d’Awunner an d’Entreprisë selwer responsabel dofir, d’Trottoire virun hiren Haiser, respektiv Gebaier fräi ze halen. Sief dat vun Äis oder Schnéi, awer och vu Blieder am Hierscht. Privatpersoune mussen am Fall, wou d’Trottoiren duerch Schnéi oder Glatäis behënnert ginn, virun hirem Haus genuch Schnéi ewech schëppen, respektiv Salz streeën, datt Foussgänger ouni Gefor kënnen duerchgoen. Och d’Gullie falen ënnert d’Responsabilitéit vun de Bierger. Domat gëtt séchergestallt, datt d’Waasser weiderhin oflafe kann.
Am Fall vu Residenze gëllen déi selwecht Reegelen. Do ass et dacks esou, datt e Règlement de co-propriété gëllt oder d’Verwaltung eng extern Entreprise engagéiert. Ass ee sech net sécher, sollt ee sech onbedéngt doriwwer informéieren.
Bei Gebaier, déi kommerziell oder gemëscht genotzt ginn, wéi zum Beispill fir Büroen a Wunnengen, läit d’Responsabilitéit bei der Persoun, déi de Rez-de-chaussée occupéiert oder och bei enger externer Firma.
Fir d’Trottoire viru vun Administratiounen oder Entreprisë genotzte Gebaier ass dee responsabel, bei deem d’Responsabilitéit vun de Servicer läit.
D’Responsabilitéit fir d’Trottoire virun onbewunnte Gebaier oder net-bebauten Terraine läit iwwerdeem beim Proprietär. Och wann nach keen Trottoir laanscht den Terrain geet, muss de Passage, deen d’Trottoire matenee verbënnt, geschëppt oder gestreet ginn.
Si keng Trottoire laanscht en Haus oder e Gebai, mussen d’Besëtzer eng 1 Meter breet Sträif iwwer déi ganz Längt fräi maachen.
D’Ville de Luxembourg rappelléiert op hirem Site ausserdeem, datt et verbueden ass, Waasser op d’Trottoiren oder d’Stroossen ze schëdden.
Mënsche mat Behënnerung a Leit iwwer 65 Joer, déi eleng wunnen, kënnen ausserdeem ënner verschiddene Konditiounen Hëllef beim Hygiènesdéngscht vun der Stad ufroen.
Nieft dem Trottoir muss och den Agang bei d’Hausdier oder bei d’Dreckskëschte fräi sinn.
Wat ass, wann ech net doheem sinn?
Wéi mir op Nofro vum Maître Schonckert erkläert kruten, ass een och responsabel fir den Trottoir viru senger Dier, wann een net doheem oder an der Vakanz ass. Am beschte freet een, wann een net doheem ass, en Noper oder e Familljemember, ob deen den Trottoir mat fräimaache kann. War een dann awer net drop virbereet an et geschitt engem eppes, heescht dat awer net direkt, datt et och déi eege Schold war. Och de Foussgänger huet eng gewësse Responsabilitéit a muss sech de Konditiounen upassen, also zum Beispill wiederfest Schong undoen an net ze séier goen. Um Enn läit d’Decisioun, ob et méiglech war, den Trottoir propper ze halen, da beim Riichter.
Doheem an awer net gestreet?
D’Haftflichtversécherung kënnt och am Fall op, datt een doheem war an net geschëppt oder gestreet hat. Allerdéngs dreet eng Geldstrof, wann de Riichter decidéiert, datt een d’Accident hätt kéinte verhënneren.
Fir Trottoire laanscht déi keng Haiser sinn, ass wéi gesot, de Proprietär vum Terrain dolaanscht responsabel, datt d’Foussgänger ouni Gefor kënnen do trëppelen.
Och wann ee responsabel dofir ass, datt den Trottoir viru senger Dier propper ass, heescht dat net, datt een och an der Nuecht opstoe muss, fir ze schëppen. Recommandéiert gëtt, éier een op d’Aarbecht geet a wann et weider schneit, nach eng Kéier, wann een heem kënnt.
*Prezisioun zu der Responsabilitéit vun der Gemeng
No der Publikatioun vun eisem Artikel huet de Maître Krieger preziséiert, datt en Trottoir zu der Voie publique gehéiert an d’Securité publique op dësen deemno gesetzlech ënnert d’Responsabilitéit vun der Gemeng fält. Zwar géinge vill Gemengen an hire Reglementer festhalen, datt d’Bierger fir d’Sécherheet op den Trottoire responsabel sinn, ma d’Gesetz stéing allerdéngs ëmmer nach iwwer de Gemengereglementer.
Wien ass responsabel fir den Trottoir, wann ech net doheem sinn?