D'Zuel vun de Phishing-Attacken hei am Land ass explodéiert

© AFP
Wann 2020 eng 30 Affäre gezielt goufen, waren et der zejoert iwwer 1.300, wat nëmmen déi offiziell gewosste Fäll duerstellt.
Et ass dann och domat ze rechnen, datt dës Zort vun Cyber-Attacken an Online-Kriminalitéit wäerten zouhuelen, där Meenung sinn d'Ministere Margue, Gloden an Delles an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierten Yves Cruchten.
D'Police huet aktuell awer keng Statistiken, wéi vill Schued dës Attacken ugeriicht hunn. Eng Condamnatioun gouf bis ewell dann och nach net wéinst esou enger Affär geschwat.
Um Niveau vum Stater an Dikrecher Parquet si fënnef Leit eleng mat Phishing-Affäre befaasst.
Neierdéngs kënnen d'Operateure via en neien ILR-Reglement dann och auslännesch Telefonsnummere blockéieren, wann dës e gewollte Bedruchsversuch oder eng Arnaque duerstellen.