Zänndokter kritt liewenslaangt Beruffsverbuet"Hien huet just de Verdéngscht interesséiert"

Diana Hoffmann
No engem Urteel däerf den Zänndokter vum 30. Januar u säi Cabinet zu Bartreng net méi bedreiwen.
© AFP

Bal 10 Joer huet den Dr. Patrice Mattiuzzi zu Lëtzebuerg als Zänndokter exerzéiert. Vum 30. Januar u muss hie säi Cabinet zu Bartreng fir ëmmer zoumaachen an däerf hei am Land ni méi als Zänndokter schaffen. Dat nodeems hien den 20. Dezember zejoert vum Conseil supérieur de discipline vum Collège médical verurteelt ginn ass.

Zänndokter kritt liewenslaangt Beruffsverbuet - Reportage Diana Hoffmann

Géint den Zänndokter leeft awer zanter dem Februar 2017 nach eng weider Plainte, wéi de Parquet confirméiert. D’Gesondheetskeess (CNS) sicht de Mann wéinst Fälschung a Bedruch un. D’Ermëttlunge sinn hei awer nach net ofgeschloss.

D’Affär, déi zum Entzéie vun der Lizenz vum Dokter hei am Land gefouert hat, war 2017 un d’Rulle komm. Deemools hat seng Assistentin hie bei der Inspection sanitaire denoncéiert. Dass am Cabinet net korrekt geschafft gouf, wier hir vun Ufank un opgefall. “Hien huet just de Verdéngscht interesséiert”, seet d’Fra, déi 2016 am Cabinet ugefaangen huet an iwwert d’Adem un dës Aarbecht gerode war.

Et wiere systematesch Fautes graves gemaach ginn. Dat selwecht Material wier fir verschidde Patiente benotzt ginn. An et wier ëmmer dat bëllegst vum bëllegste gewiescht, wat verschafft ginn ass. De Clientë wiere Behandlunge gemaach ginn, déi net néideg gewiescht wieren, temoignéiert d’Fra. Eemol wier d’Praxis och kuerz vun der Sanitärinspektioun zougemaach ginn, well d’Maschinn, fir d’Outilen ze steriliséieren, net funktionéiert hätt.

Aussergewéinlech un dëser Affär ass och, dass den Dokter schonn zanter 2022 engem Beruffsverbuet a Frankräich ënnerläit. 2011 an 2020 huet den Dokter sech a Frankräich musse viru Geriicht veräntwerten. Enner anerem well hie senge Patiente falsch Rechnungen ausgestallt huet oder ganz Rechnungen erfonnt hat. Dës huet hien dann der Krankekeess zoukomme gelooss. Déi franséisch Regionalzeitung “Courrier picard” huet an de leschte Joren iwwert dës Affäre bericht.

A Frankräich war de Patrice Mattiuzzi zweemol an éischter Instanz fräigesprach ginn. An zweeter Instanz dann net méi. 2013 ass hien am Appell zu enger Geldstrof vun 30.000 Euro verurteelt ginn. Am Mee 2022 zu enger Prisongsstrof vun 18 Méint mat Sursis probatoire, enger Geldstrof vun 250.000 Euro a 5 Joer Beruffsverbuet a Frankräich.

Zu där Zäit, wou dëst Urteel komm ass, huet den Dokter schonn zanter bal 8 Joer zu Lëtzebuerg exerzéiert. Vu Juli 2014 un huet hien hei am Land zu Bartreng eng Praxis bedriwwen. Zu där selwechter Zäit hat hien och an der Schwäiz eng Zouloossung als Zänndokter ugefrot. Dës war him awer am Juli 2014 verweigert ginn, well deen Ament schonn a Frankräich eng Prozedur géint hie gelaf ass.

E grenziwwergräifende System an Europa, deen evitéiert, dass Dokteren, déi hir Lizenz an engem Memberland entzu kruten, net méi kënnen exerzéieren, gëtt et net. Deemno huet et 7 Joer gedauert vum Ament un, wou d’Assistentin eng Plainte gemaach huet, bis zum Ament, wou den Dokter seng Zouloossung entzu krut. D’Fra hofft elo, dass esou Fäll an Zukunft besser iwwerpréift ginn. Fir dass hire fréiere Virgesetzte sech net einfach kann an engem anere Land néierloossen an do nees weider exerzéieren. Well de Mann hätt “alles anescht wéi fir de Patient geschafft”.

Back to Top
CIM LOGO