Staatsfinanzen2025, 2026 a 2027 muss "d’Schrauf e bëssen ugezu ginn"

RTL Lëtzebuerg
D’Recettë vum Staat wäerten d’lescht Joer ëm bal 7 Prozent geklomme sinn. D’Ausgabe vum Staat par konter nach méi, an zwar ëm bal 15 Prozent.
© ChD

Dorausser ergëtt sech viraussiichtlech een Defizit vu 630 Milliounen Euro beim Zentralstaat fir d’Joer 2023 (N.v.d.R. : Zentralstaat bedeit ouni Sozialkeesen a Gemengen).

Déi Zuelen huet de Finanzminister Gilles Roth en Dënschdeg de Moien den zoustännege Chamberkommissioune presentéiert.

Bei de Staatsfinanzen muss “d’Schrauf e bëssen ugezu ginn”

D’Hausse vun den Ausgabe wier nach haaptsächlech op d’Mesurë vun den Tripartitte wéinst der Energie- an Inflatiounskris zeréckzeféieren, déi och nach dëst Joer gëllen an zu Buch wäerte schloen. Och wann et “bëssen onpopulär” wier, misst ee mat “Fangerspëtzegefill” an “Intelligenz” kucken, datt d’Schéier tëscht Recetten an Ausgaben net weider wiisst. Well d’Beem wuessen och hei am Land net bis an den Himmel, sou de chrëschtlech-soziale Finanzminister. De Gilles Roth sot, et misst een dowéinst déi Joren drop - 2025, 26 a 27 - “d’Schrauf bësse méi unzéien”.

PDF: Tableaux - Situation budgétaire au 31 décembre 2023

Back to Top
CIM LOGO