Quantitéit a Qualitéit vun Texter si Schold, datt ee méi laang fir Avise brauch
De Staatsrot gouf scho méi wéi eemol kritiséiert, well en an den Ae vun deem engen oder anere Politiker legislativ Texter net séier genuch aviséiert.
De President vun der héijer Kierperschaft huet op der Neijoerschreceptioun dovunner profitéiert, fir ze weisen, wat an deene leschte 5 Joer geleescht gouf. 2.224 Avisen - dat sinn der esou vill wéi nach ni virdrun - an et gouf eng kleng Pick zeréck: Wieren d'Texter besser, géif et och mat den Avise méi séier goen.
Am leschte legislative Joer huet de Staatsrot a sengen Avisen 749 formell Oppositioune gemaach. Dat sinn der duebel sou vill wéi dat Joer virdrun. Eng Erklärung ass, wann d'Zuel vun den Avisen eropgeet, klëmmt quasi automatesch och d'Zuel vun de formellen Oppositiounen. Et ass fir de President vum Staatsrot Christophe Schiltz awer net déi eenzeg Explikatioun fir déi Rekordzuel.
"Et hänkt an eisen Aen awer och un der Qualitéit vun den Texter, déi eis ënnerbreet ginn. Deelweis un der Onprezisioun vun de Formulatiounen oder um Manktem u Preparatioun vun den Dossieren. Dat féiert dozou, datt d'Dauer fir d'Analyse vun den Dossieren och méi laang gëtt. Do besteet sécher Handlungsbedarf an ech weess, datt dat e Sujet ass, deen der Chamber an der Regierung um Häerz läit, zu Recht."
De Staatsrot géif an der Lescht och méi de Kontakt mat den Auteure vun den Texter sichen, och dat géif hëllefen, datt d'Delaien erofginn. Déi héich Kierperschaft seet, se wéilt net onnéideg Zäit verléieren, mä et misst ee sech am Sënn vun der Qualitéit trotzdeem Zäit huelen.
"D'Sécherstelle vun der Qualitéit vun de Gesetztexter a Reglementer ass op d'mannst genee sou wichteg an eisen Aen, ewéi e séiert oder heiansdo iwwerstierzt Handelen a Legiferéieren. Et ass och wichteg, datt de Staatsrot déi Aarbecht am Detail mécht, mat aller Seriositéit, och fir de Juridiktiounen d'Aarbecht méi einfach ze maachen, well et si si, déi dono mat den Texter befaasst sinn an et ass spéitstens do, wou d'Sanktioun kënnt, wann d'Texter, déi gestëmmt gi sinn, net mat der néideger Suergfalt ausgeschafft gi waren."
Fir de Christophe Schiltz ass et och essentiel, datt de Staatsrot, mä och aner Acteuren am Land, déi Rechtsnormen, déi op der Verfassung baséieren a vun de Geriichter interpretéiert ginn, respektéiert ginn. Nëmmen esou kéint een dozou bäidroen, datt d'Rechter vun all Eenzelen a virun allem och vun deene Schwächste geschützt ginn.
"Et ass nëmmen, wa mir eis Wäerter an eis Rechtsprinzipien héich halen, datt mer den Zesummenhalt vun eiser Gesellschaft kënne garantéieren. Et ass nëmmen duerch de géigesäitege Respekt vun Institutiounen an de gemeinsame Respekt vun den dacks och berechtegte Stëmmen aus der Zivilgesellschaft, dass mer eis Demokratie an eis Gesellschaft stäerken."