Zanter e Freidegowend kruten eng Partie Leit falsch Messagen, déi scheinbar iwwer LU-ALERT als SMS geschéckt goufen.

Wéi et vum Inneministère an engem Communiqué heescht, hätt een direkt op dës SMS reagéiert a mat den Operateuren hei am Land all déi néideg Mesurë geholl. Weider ass et de Message, datt de Système vun LU-ALERT net betraff wier a weider zu all Moment operationell ass.

Datt et sech bei dësem Message net ëm ee richtege vum LU-ALERT-SYSTEM handelt, erkennt ee relativ séier. Et ass net den Zweck vun LU-ALERT, op esou eppes hinzeweisen, an et ass offensichtlech net de richtege Link vun der CNS.

Et soll een deemno net op de Link klicken a scho guer net duerno perséinlech Donnéeën op der Internetsäit antippen.

Wann ee seng Bankdaten an esou engem Fall aginn huet, soll ee seng Bank kontaktéieren, fir dKaart spären ze loossen.

RTL

Wéi kann esou een SMS als Message vun LU-ALERT ugewise ginn?

Hei handelt et sech zimmlech sécher ëm sougenannten SMS-Spoofing. Dat heescht, d'SMS kënnt aus engem auslänneschen Netz mat gefälschtem Ofsender. Um Handy sinn d'SMS no Ofsender gruppéiert. Dat erkläert och, dass dëse Fake direkt ënnert der leschter Warnung vun LU-ALERT affichéiert gëtt. Wann den Ofsender also gefälscht ass, ginn déi Messagë beim nämmlechten Numm ugewisen.

Spoofing gëtt et och bei E-Mail-Adressen.

Spoofing (d'Fälsche vum Ofsender, dat quasi just fir Experten erkennbar ass) mécht et wéi hei a Verbindung mat Phishing (also sech als een aneren auszeginn, fir Donnéeë vu Leit ze klauen) nach méi schwéier, ze erkennen, dass et sech ëm Bedruch handelt.

E puer zousätzlech Informatiounen

D'CNS huet och Enn 2023 viru sougenannte Phishing-Attacke gewarnt an am Detail erkläert, op wat een oppasse muss, fir z'erkennen, ob et e Message vun der Gesondheetskeess ass. An esou Fäll soll een op kee Fall perséinlech Donnéeë  vu sech Präis ginn.

Och um Internetsite vun der Police fënnt een Informatiounen, wéi ee sech protegéiere kann. Esou soll een zum Beispill net op Linke klicken, déi ee vu Kontakter krut, déi een net kennt. Allgemeng soll ee Messagen net trauen, wou ee séier opgefuerdert gëtt, eppes ze maachen.

Am Zweiwelsfall sollt ee mat de betraffenen Institutiounen oder Organisatiounen a Kontakt trieden, fir nozefroen, ob dat, wat am Message gefrot gëtt, och wierklech vun hinne gefrot gouf.

D'Schreiwes vum Ministère

Attention aux SMS frauduleux (26.01.2024)
Communiqué par : ministère des Affaires intérieures

Le vendredi, 26 janvier, en soirée, le système d'alerte national LU-Alert était victime d'une usurpation d'identité (smishing).

Les autorités ont immédiatement mis en place, en étroite collaboration avec les opérateurs des réseaux de téléphonie mobile, les mesures nécessaires.

Le système LU-Alert n'a pas été compromis et est resté opérationnel à tout moment.