D’Wunne soll méi erschwénglech ginn, dat wier eent vun den Ziler vun der Regierung, esou de Luc Frieden op enger Pressekonferenz nom Regierungsrot.

D'Regierung proposéiert eegenen Aussoen no en equilibréierte Pak u Mesuren, fir de Bausecteur ze relancéieren an de Stéit bei de Logementskäschten ënnert d'Äerm ze gräifen. Et huet ee Moossnamen zu 3 Ziler decidéiert. Et soll méi gebaut ginn, méi Wunnengen disponibel sinn an als 3. Zilsetzung d'Leit méi ënnerstëtzen, wa se wëllen eppes kafen oder lounen.

D'Regierung wëll "neie Schwong" an de Wunnengsbau bréngen an déi "sozial Kohesioun stäerken"... dofir géing een um Mëttwoch eng Rei kuerzfristeg Mesuren annoncéieren.

"Mesuren Deel vun engem ganze Puzzle"

D'steierlech Mesurë goufe vum Gilles Roth presentéiert, dee virop eng Bestandsopnam vum Bausecteur gemaach huet. Dëst Joer geet de "bëllegen Akt", wann een eng Wunneng keeft, fir selwer dran ze wunnen, vun 30.000 € op 40.000 € erop, sou den CSV-Finanzminister. Wann een eng Wunneng keeft, fir se ze verlounen, kann een neierdéngs elo och vun engem Steierkredit profitéieren, vun 20.000 €.

Regierungsrot iwwert Logement a Bausecteur - Reportage Fanny Kinsch

Et muss een dëst Joer och manner Steieren op d'Plus-value bezuelen, wann een eng Wunneng verkeeft. Dat wéi gesot nëmme fir dëst Joer. Aner Mesurë wäerten och nach iwwert 2024 eraus gëllen, ënnert anerem, datt ee manner Steiere muss bezuelen, wann een eng Wunneng an d'Gestion locative sociale gëtt oder nach Wunn-Primme fir Leit, déi am Ufank vun hirer berufflecher Karriär sinn. D'Steieren op der Plus-value géifen 2024 net mat 20 Prozent besteiert ginn, ma vereinfacht gesot mat 10 Prozent. Vum 1. Januar 2025 un dann nees mat 20 Prozent.

Wéi de Claude Meisch, DP-Logementsminister, erkläert huet, wäerten iwwerdeems verschidden Aiden no uewen ugepasst ginn, ënnert anerem d'Subvention de Loyer an d'Staatsgarantien. Donieft solle méi Leit fir gewëssen Hëllefen eligibel ginn.

Den Amortissement accéléré vu 6 Prozent iwwer 6 Joer gëtt erëm agefouert. Dëse gëllt nëmme fir Neibauten an e Plaffong vun 250.000 Euro. Bei der Vente vun enger Wunneng, déi wäert fir d'Gestion locative sociale genotzt ginn, gëtt d'Plus-value net besteiert. D'selwecht wann een eng Wunneng verkeeft, déi eng Energieklass 1A+ huet.

De Staat wëll iwwerdeems iwwert déi nächst 3 Joer 800 Wunnenge vum Privatmarché ofkafen, déi prett si fir gebaut ze ginn, fir dës dann abordabel ze verlounen. Dat zu engem Käschtepunkt vu 480 Milliounen Euro. De Budget, fir ëffentlech abordabel Wunnengen ze realiséieren, léich fir déi nächst 2 Joer bei net grad 1 Milliard €.

Nieft de Moossnamen, déi e Mëttwoch annoncéiert goufen, géing nach ëmmer och eng national Logementsreunioun organiséiert ginn, esou de Premier. Dat wier den 22. Februar zu Senneng am Schlass, mam Stad de Gemengen an d'Handwierk. Do géing et ëm Projete ginn, déi net sou kuerzfristeg ëmsetzbar wieren, zum Beispill am Beräich vun der administrativer Vereinfachung oder nach vun de Prozeduren. Bis de Summer wéilt een da weider Mesuren annoncéieren.

Zu de strukturelle Mesuren, déi d'Regierung e Mëttwoch annoncéiert huet, gehéiert ënnert anerem, dass déi aktuell Plaffongen, fir Scholdzënse vun de Steieren ofzesetzen, ëm een Drëttel an d'Luucht ginn. Deemno kann eng Persoun an den éischte 5 Joer an deene si an enger Wunneng lieft pro Joer 4.000 Euro u Scholdzënsen ofsetzen. Bis ewell waren et 3.000 Euro.

Wie seng Wunneng an d'GLS gëtt, muss op 90 Prozent vum Loyer keng Steiere bezuelen. Och d'Vente vun Terrainen un ëffentlech Bauträger wéi d'SNHBM an de Fonds du Logement si steierfräi.

Hei de Replay vun der Pressekonferenz