Den 11. Februar ass den internationalen Dag vu Fraen a Meedercher an der Wëssenschaft. Mir hunn d'Biologin Gabriela Retamalas kennegeléiert.

Stellt Iech en typesche Wëssenschaftler oder Fuerscher vir. Wéi ee Bild hutt Dir grad am Kapp? Villäicht en eelere Mann mat wäissen Hoer, hallwer Glatz an engem Brëll? Oder e jonke Mann, e bëssen "nerdy" wéi een et aus aus der Serie "The Big Bang Theory" kennt. Ma natierlech gëtt et och esou Wëssenschaftler, de Standard ass dat awer net, erzielt eis och d'Gabriela Retamales mat engem Laachen am Gesiicht: "Also déi Serie ass scho voller Klischeeën. Mäin Haus ass definitiv net voller Neuronen an Tafelen."

D'Gabriela Retamales ass am Chile gebuer an opgewuess. Scho fréi huet si sech fir d'Naturwëssenschaften interesséiert. "Ech interesséiere mech immens fir Biologie, well ech gäre verstinn, wéi eppes funktionéiert. An ech mengen, dass et an der Biologie vill Saache ginn, wou mir nach net richteg wëssen, wéi se funktionéieren. Ech wëll eben erklären, wéi déi Saache funktionéieren."

Zu Lëtzebuerg huet déi jonk Fra hire Master an der Systembiologie gemaach. Dëst ass eng Mëschung aus Mathematik, Modelléierung a Biologie. Elo ass si Doktorandin op der Uni Lëtzebuerg am Beräich Biomedezin.

Si sinn eng Ekipp vu Fraen a Männer aus ënnerschiddlechsten Altersklassen. En Ënnerscheet tëscht Mann a Fra gesäit d’Gabriela an der Wëssenschaft net.

RTL

D'Gabriela Retamales zesumme mat hirem Fuerschungsteam.

"Ech hu mech ni anescht gefillt, nëmme well ech eng Fra an der Wëssenschaft sinn. Ech menge meng Elteren hu mech ëmmer esou erzunn, dass ee ka maachen a ginn wat ech wëll an dass kee mir soe kann, wat ech ginn dierf."

Wärend hirem Studium wiere vill vun hire Mat-Studenten zwar Männer gewiescht, dat wier fir si awer ni e Problem gewiescht. D’Gabriela Retamales mengt och net, dass Fraen an der Wëssenschaft manner Chancen a Méiglechkeeten hunn. Fraen hätten et awer duerch hir Perséinlechkeet méi schwéier, well si méi dozou tendéieren, Unerkennung ze wëllen oder ze brauchen, mengt d'Biologin. Fraen, déi awer selwer vu sech an hirer Aarbecht iwwerzeegt sinn, hätten mat esou "Virurteeler" net esou vill Problemer.

Zu Lëtzebuerg ass ee vu véier Wëssenschaftler eng Fra. Europawäit läit den Duerchschnëtt bei 1 op 3. Dofir lancéiert de Fond National de Recherche all Joer um 11. Februar eng Campagne mat Wëssenschaftlerinne vu Lëtzebuerg, fir och aner Fraen a Meedercher ze motivéieren an d’Wëssenschaft luussen ze kommen.

E klengen Tipp vun der Biologin: "Einfach maachen! Et ass net déi 'Männerwelt' wéi et no bausse verkaf gëtt. Dir sidd schlau. Männer kënnen et, wisou sollen Fraen a Meedercher et net kënnen?"