Bäckerei-Betriber hunn et schwéierKäschten elo iwwer 100.000 € pro Mount iwwert deene vun 2021

Anne Wolff
Queesch duerch d‘Handwierk spiert een d'Kris. Virop maachen déi ëmmer méi héich Präisser ze schafen.
Jean-Marie Hoffmann
Jean-Marie Hoffmann
© Anne Wolff

Besonnesch d‘Energiepräisser maache Problemer, dobäi kënnt dann nach, dass sämtlech Matières premières méi deier gi sinn. Dat spieren och d’Bäckeren: Direkt e puer Traditiounsbetriber hu missen zoumaachen. Et spiert een och e Wandel an der Mentalitéit.

Nach rullt de Betrib hei op der Gare an enger vun de Bäckereie vum Jean-Marie Hoffmann, mee et geet méi lues wéi virun der Kris. D’Präisser vun der Matière Première wiere staark geklommen, erzielt de Bäckermeeschter a Patron. De Weess wier zanter dem Krich 3x esou deier, ma och de Schockela wier däitlech méi deier. Dobäi kommen déi héich Energiepräisser, souwuel beim Stroum, wéi och beim Bensinn. Well domat wieren och d’Transportkäschte vun de Fournisseure geklommen.

E weidere Facteur wieren d’Indextranchen, bei 250 bis 280 leit maachen d’Paien 840 dausend bis 900 000 Euro de Mount u Käschten aus, do schloen zwee an en Hallwe Prozent an d’Gewiicht. Aktuell hätt een duerch déi Facteuren 100 000- 120 000 Euro pro Mount méi Käschte wéi nach virun 3 Joer.

Als Geschäft kéint een déi Haussen net 1:1 un de Client viru ginn, ma zanter 2021 hätt een d’Präisser am Schnëtt 10 Prozent an d’Luucht misse setzen. Grouss Betriber wéi säi kéinten déi zousätzlech Käschten aktuell nach opfänke, mee deene méi klenge géif dat d‘ Genéck briechen.

D’Anne Wolff am Gespréich mam Bäcker Jean-Marie Hoffmann

Mentalitéit vun de Clientë changéiert

Ausserdeem géing et haut net méi duergoe, just Mëtschen unzebidden. Déi jonk Clientèle géing manner séiss iessen. Dofir mécht de Betrib mëttlerweil gutt d’Hallschent vu sengem Chiffre d’affaires als Traiteur. Ma duerch méi Home-Office kéint een och an deem Beräich net op eng konstant Zuel u Clienten zielen.

Personalmanktem

Nieft Energiekäschten an de verännerte Akafsgewunnechten spiert de Patron de Personalmanktem. Nuets opstoen a laang schaffen, dat wier net fir jiddereen eppes. 4 erwuesse Léierbouwen hätt hie rezent agestallt, keen ass méi laang bliwwe wéi e puer Deeg.

Dofir misst ee schonn an der Schoul usetzen an d’Léier-Konditiounen un d’Realitéit duerno um Terrain upassen: “Hei zu Lëtzebuerg bitt d’Schoul dat net un, well een ënner 18 Joer net nuets an engem Betrib schaffen duerf. Am Ausland an de grousse Schoulen an eiser Branche sinn awer Nuetscoursen.”

Ausserdeem misst ee schonn an der Grondschoul ufänken d’Handwierk ze valoriséieren an de Schüler z’erklären, dass ee sech duerno en eegene Betrib opbaue kann.

Back to Top
CIM LOGO