CommuniquéVereenegung Biolandwirtschaft Lëtzebuerg fënnt Bauereprotester an Europa legitim

RTL Lëtzebuerg
Ëmmerhi géif den Usproch un d'Baueren duerch villfälteg Krisen ëmmer méi grouss ginn. Wa si sech géint deen Drock wiere géifen, wär dat ze verstoen.
© Vereenegung Biolandwirtschaft Lëtzebuerg ASBL

D’Associatioun warnt d’Baueren allerdéngs virdrun, ze fuerderen, dass d’Protektioun vun den natierleche Ressourcë manner gëtt. Da géif d’Landwirtschaft un hirem eegen Aascht seeën, esou d’Vereenegung Biolandwirtschaft.

Mat Bio kéint ee vill Problemer léisen, heescht et am Communiqué. Zum Beispill mécht d’ASBL sech staark dofir, dass d’Bauere just esou vill Déieren halen dierfen, ewéi si selwer um Haff erniere kënnen.

Si fuerdert och, bei alle Verhandlunge mat um Dësch ze sëtzen.

Communiqué vun der Vereenegung Biolandwirtschaft Lëtzebuerg ASBL

Back to Top
CIM LOGO