Den Internet soll net verdäiwelt ginn
Déi digital Welt gehéiert fir vill Kanner schonn zum Alldag. Ma dat muss, passend zum Alter natierlech, net ëmmer schlecht sinn.
An engem Rapport vu Bee Secure war festgestallt ginn, dass Kanner ëmmer méi fréi mam Internet a Kontakt kommen. Ma ob den Handykonsum problematesch ass, hänkt awer éischter vun deem of, wat een online mécht. Eleng d'Bildschiermzäit als Facteur fir e gesonden oder ongesonden Ëmgang mat digitale Medien ze huelen, wier ze kuerz gegraff. Och de Begrëff "Handysucht" géing dacks ze séier genotzt ginn, esou d’Aline Hartz vum Kanner- a Jugendtelefon. D’Psychologin betount, dass fir eng Sucht och aner Facteure musse gi sinn. Zum Beispill dass d’Kand Hobbyen a Frënn fale léisst, sech soss fir näischt méi interesséiert an och an der Schoul d’Konzentratioun zum Beispill noléisst.
Besonnesch an der Pubertéit kann d'Thema Handynotzung e Sträitpunkt ginn. Et kéim och vir, dass sech Jonker vun hiren Elteren onfair behandelt fillen an da beim Kanner- a Jugendtelefon uruffen, esou d’Psychologin Aline Hartz. Sief et well d'Kanner net erkläert kruten, wisou si manner Zäit am Internet oder viru Videospiller solle verbréngen. Sief et awer och, well si d'Gefill hunn, duerch déi digital Méiglechkeete vun den Elteren iwwerwaacht ze ginn.
D'Ekipp vum Kanner- a Jugendtelefon hätt bemierkt, dass esou Konflikter opkommen, wann e Jonken erausfënnt, dass d’Elteren iwwert den Handy zum Beispill iwwerwaachen, wou e sech ophält. Dat ass e ganz klore Vertrauensbroch. Allgemeng gëllt et beim Online-Verhalen, oppen doriwwer ze schwätzen, esou d'Aline Hartz vum Kanner- a Jugendtelefon. Reegele missten zesumme verhandelt ginn, da wiere se och méi einfach nozevollzéien.
A virun allem wier et wichteg, sech och selwer un déi Reegelen ze halen, déi een opstellt. Keen Handy um Dësch klappt nëmmen, wa sech déi Erwuessen och dorunner halen, esou nach d’Psychologin. E gudden Ufank, fir Sträit z’evitéieren, wier, wann d’Eltere sech fir dat interesséieren, wat hiert Kand mécht. Wichteg ass nämlech net eleng d’Zäit, déi een online verbréngt, mee virun allem wat een dobäi mécht.
Beim Kanner- a Jugendtelefon géing een awer och feststellen, dass vill Jonker selwer Applikatioune notzen, fir hir Zäit um Handy erofzeschrauwen. Och dat kéint ee gutt als Famill zum Beispill beschwätzen. A wisou och net, vläicht zesummen ausprobéieren.