Am Joer 2003 gouf vun der deemoleger CSV/DP Regierung d'Decisioun geholl, eng ënnerierdesch Gare beim Findel ze bauen.

Am September 2008 ass deen éischte Bagger gerullt. Ee Joer drop, mat der néier CSV/LSAP Regierung, gouf decidéiert dëse Projet ze stoppen. Ze deier, huet et geheescht.

Zanterhier gëtt et ënnert dem Parkhaus vu lux-Aiport e laangen Tunnel, deen ongenotzt ass. Mir ware mat Kamera a Fotoapparat bis era kucken.