An de leschten Deeg krut d'Police ëmmer méi Fäll gemellt, bei deenen Onéierlecher iwwer falsch Ierfschafte wollten u Sue kommen.

D'Schreiwes, wat dacks per Bréif kënnt, kritt dat presuméiert Affer matgedeelt, datt Si eppes vun engem Familljemember oder enger Persoun mam selwechten Numm ierft. D'Affer gëtt dann opgefuerdert, sech esou séier wéi méiglech bei engem falschen Affekot ze mellen.

Vun der Police heescht et, datt een net op esou Noriichten, egal op se per Post oder Mail kommen, reagéiere soll. Sollt dat awer de Fall sinn an et koum ee selwer dobäi zu Schued, kann ee sech bei der Police mellen.