Et ass de Joresdag vun der tragescher Explosioun mat déidleche Suitten am Munitiounsdepot vun der Arméi um Waldhaff.

D'Kolleege vum Wort koumen um Mëttwoch mat der Iwwerschrëft, dass de fréieren Arméischef Alain Duschène an zwee Leit vum Deminage inculpéiert wieren.

Bei der Detonatioun vun enger Granat aus dem Zweeten Weltkrich waren de 14. Februar viru 5 Joer am Dépôt um Waldhaff zwee Demineure ëmkomm, en Ënneroffizéier war liewensgeféierlech blesséiert ginn, ee weidere Member vun der Arméi war schwéier verwonnt ginn.

5 Joer Waldhaff/Reportage Jean-Marc Sturm

D'Enquête ass nach amgaangen. De Parquet huet eis confirméiert, dass de fréiere Chef d'Etat major Alain Duschène an zwee Membere vum Sedal, der Arméi hirem Deminage wéinst fahrlässegem Homicide a fahrlässeger Kierperverletzung beschëllegt, also inculpéiert goufen. Beschëllegt bedeit awer nach net ugeklot.

D'Inculpatioun berout op der Konklusioun vum Untersuchungsriichter. Elo ass et um Parquet fir eng eventuell offiziell Uklo, also eng Accusatioun. Ob et zum Prozess kënnt oder d'Affär klasséiert gëtt, muss d'Chambre du Conseil vun der zoustänneger Geriichtsinstanz entscheeden.

Déi 48 Kilo schwéier Granat, déi um Waldhaff explodéiert ass, wéi se mat engem Clark transportéiert gouf, wär dat déckst Geschoss, dat ganz dacks,  - virun allem am Norde vum Land - fonnt an dono onschiedlech gemaach gëtt. Et ass gutt méiglech, dass d'Granat sech beim Lageren oder well se laang a fiichtem Buedem loung, mat der Zäit chemesch verännert huet, dass se esou instabil gouf a bei Beweegung explodéiert ass.

Et war dann och scho virun der Explosioun 2019 gewosst, dass den Depot um Waldhaff net méi zäitgeméiss wier. Den neien Depot wäert an den nächste Joer un déi modernste Standarden ugepasst ginn mat dann och méi Capacitéit fir de Stockage vu Munitioun, fir dem Ausbau vun der Arméi mat virop dem belsch-Lëtzebuerger Batailloun gerecht ze ginn.

Wéini den neien Depot funktionell ass, bleift ofzewaarden.  Beim Projet vum Finanzéierungsgesetz an Héicht vun iwwer 81 Milliounen Euro gouf et eng formell Oppositioun vum Staatsrot, well am Text Rieds ass vun Reaménagement. Den Text gouf am Januar dëst Joer amendéiert.