Wat zu Iener an der Gemeng Sëll geschitt ass, seet de Contraire! Dat soss esou harmonescht Landschaftsbild ass den Ament duerch en däitlechen Agrëff an d’Natur gestéiert. D’Distribution d’Eau des Ardennes - kuerz DEA - schafft beim Kaschbuer un der Quell - oder éischter huet do geschafft - bis den neie Kulturminister den 23. Januar, säi Veto gesprach huet.
D’Gruewunge lafen nämlech genee do, wou schonn op Pläng vun 1883 Vestigen agezeechent sinn. Fir un archeologesch Sitten dierfen ze goen, brauch een dem neien Denkmalschutzgesetz no bekanntlech de Feu Vert vun de Spezialiste vum Institut National de Recherches Archéologiques aus dem Kulturministère, dem INRA. Esou gëtt et an dësem Fall am Schreiwes aus dem Kulturministère bestätegt: Iert d’Aarbechten ulafen, mussen “opérations de diagnostic archéologique” gemaach ginn – an dat laanscht de ganzen Tracé, op deem d’DEA wëll schaffen.
RTL-Informatiounen no ass dat net geschitt! D’Demande vun der DEA ass op den 11. Januar datéiert, also e puer Méint nom Ulafe vun den Aarbechten. Vum INRA heescht et, dass de Chantier bekannt wier, ma eng offiziell Stellungnam gëtt et bis dato net.
Am Courrier vum Kulturminister, deen de Buergermeeschter eis virgelies huet, steet dann elo awer, dass eng “potentialité archéologique” géif bestoen, an dass dofir misste Sondage gemaach ginn.
Op historesche Landkaarten aus dem Enn vum 19. Joerhonnert si bei der Quell Kaschbuer scho réimesch Vestigen agezeechent.
D’Schierbele plus Rapport goungen un den Institut National de Recherches Archéologiques. Vum potentielle Kalleksuewe gesäit een haut näischt méi. Kloer ass, dass d’Archeologen op der Plaz waren a weider Schierbelen - wuel aus der Bronze- oder Kelten-Zäit - fonnt hunn.
De Chantier wier am Hierscht zejoert ugelaf. Déi besote Piècen an d’Iwwerreschter um Uewe wiere schonn Enn Dezember 2023 fonnt ginn. Den 11. Januar huet d’Distribution d’Eaux eréischt d’Geneemegung gefrot, fir hei ze wullen. Den 23. Januar koum de Veto. Zerstéiert war do scho villes.
Ob de Prinzip vum “nul n’est censé ignorer la loi” fir jidderee gëllt, wann et ëm Denkmalschutz geet?! Affaire à suivre…
Um Freideg huet den Exekutivbüro vun der DEA dozou eng Stellungnam gemaach, hei en Extrait:
Anescht wéi am Reportage an am Artikel vum 18. Februar 2024 op RTL behaapt gëtt, gouf et zu kengem Abléck ee “Baustopp” oder “Veto vum Kulturminister” op eisem Chantier, all gesetzlech Oplagen an Demanden goufen am Virfeld ugefrot, an d’Spezialisten vum INRA hu bestätegt, dass bei der Sanéierung vun eiser Quell den Denkmalschutz respektéiert gouf. Wat d’Verleeë vun der Waasserleitung ugeet, sou ass kloer, dass och hei RTL falsch läit, well dëse Chantier nach guer net ugefaangen huet.