Geféierlechen Accès wéinst SchantjenE Resident vu Waasserbëlleg refuséiert, seng Gemengentaxen ze bezuelen

RTL Lëtzebuerg
De Ben Michaels leit ënnert dem Nol-Patella-Syndrom, wouduerch hien net sou mobil ass. E Schantje viru senger Dier mécht him säi Liewen net méi einfach.
© Ben Michaels

De Mann ass entweder op eng Géihëllef oder e Rollstull ugewisen, fir sech deplacéieren ze kënnen. Elo ass awer schonn zanter Enn Juli e Schantjen a senger Strooss, wouduerch hie sech quasi net méi bausst d’Dier traut, well hie riskéiert, ze falen, oder ebe guer net vun der Plaz kënnt.

De Mann sot de Kolleege vun RTL Today géintiwwer, hien hätt duerch seng Krankheet scho souwisou net vill Energie, a géif duerch déi Situatioun mam Schantjen elo nach zousätzlech gestresst ginn. Schonn e puer Mol hätt hien d’Gemeng kontaktéiert, bis elo allerdéngs ouni Succès. Rezent hätte se verséchert, si géife provisoresch Rampen installéieren, wat awer bis elo net geschitt wier.

Eng Persoun vum Fleegepersonal hätt sech och scho wéi gedoen, well se gefall ass, wärend se probéiert huet, bei dem Ben Michaels seng Wunneng ze kommen.

De gebiertegen Australier versteet einfach net, firwat hei net eng Léisung fonnt gëtt, fir dass d’Leit wärend den Aarbechten e sécheren Accès zu hire Wunnenge kréien. Och aner Leit an der Strooss wieren dovu betraff, well och si an hirer Mobilitéit ageschränkt sinn. Als Konsequenz vu senger Onzefriddenheet, huet de Ben Michaels decidéiert, bis op Weideres keng Gemengentaxen ze bezuelen.

RTL Today huet dann och bei der Gemeng Mäertert wéinst der Problematik vum Här Michaels nogefrot, krut awer bis dato keng Äntwert.

Liest hei de kompletten Artikel op today.rtl.lu.

Back to Top
CIM LOGO