Bréif goung un d'ElterenFäll vu Bloem Houscht am Lycée Ermesinde, och aner Lycéeë betraff

RTL Lëtzebuerg
Op d'mannst an engem Lycée hei am Land gouf et rezent eng Rei Fäll vu Bloem Houscht.
© Cottonbro Studio / Pexels

Aus engem Schreiwes un d’Elteren, dat RTL virläit, geet ervir, datt am Lycée Ermesinde en Donneschdeg eng Visitt vun der Inspection Sanitaire geplangt ass. Dëst huet och d’Santé op Nofro hi confirméiert. Et geet an der Haaptsaach drëm, d’Impfungen ze kontrolléieren.

Am Bréif un d’Eltere kann een dann och noliesen, datt si kënnen d’Autorisatioun ginn, datt hir Kanner géint de Bloen Houscht geimpft ginn. Och dat huet d’Santé eis confirméiert. Dat heescht, d’Kanner kënnen um Dag selwer och am Lycée geimpft ginn. Dëst géif de Schoule proposéiert ginn, wann et een oder méi Fäll an enger Klass oder Schoul ginn.

Wéi et weider heescht, wiere vereenzelt och aner Gebaier hei am Land betraff.

De Bloen Houscht (op Däitsch Keuchhusten an op Franséisch Coqueluche) ass eng bakteriell Krankheet vun den Otemweeër, déi sech duerch Houscht ganz einfach iwwerdréit. Déi meescht Kanner an Erwuessener sinn dogéint geimpft, mee et muss ee reegelméisseg e Rappell maachen.

PDF: Schreiwes vun der Santé-Direktioun (24.2.24)

Back to Top
CIM LOGO