100 Deeg ass déi nei Regierung mëttlerweil am Amt. Och d'Oppositioun huet en éischte Bilan vun der Aarbecht vu Schwaarz-Blo gezunn.

Blannen Aktionismus, esou beschreiwen déi Lénk d'Aarbecht vun der neier CSV-DP-Regierung.

Iwwerdeems erënnert eng LSAP drun, dass 100 Deeg och nach keng ganz Legislaturperiod sinn. Op den Haapt-Dossieren wéi Logement, Pensiounen oder nach Steieren wier nach net ganz kloer, wéi genee déi ugekënnegt Mesurë sollen ëmgesat ginn.

Ma och d'Taina Bofferding, schwätzt am Bilan dovunner, dass déi nei schwaarz-blo Regierung blann aus der Hëft geschoss huet, amplaz déi éischt 100 Deeg ze notzen, fir sech richteg an d'Dossieren eranzeschaffen. Ma eng grouss Ännerung wier der LSAP-Fraktiounscheffin no déi lescht Méint däitlech ginn:

"Grondsätzlech mierken ech awer, dass den Toun an de Stil geännert hunn. A wann ech soe blann aus der Hëft schéissen, da mengen ech domadder och den neien Innen- a Policeminister, deen huet jo och direkt lassgeluecht mat alle Konsequenzen, déi mer kennen. Ech menge säit Wochen dominéiert d'Heescheverbuet an der politescher Diskussioun. Mëttlerweil si mer och juristesch an enger Sakgaass ukomm. Dat hätt och kéinten duerchaus evitéiert ginn."

Och an der Chamber wier den Toun méi rau ginn, bedauert d'Taina Bofferding. Vu Kollegialitéit kéint dacks net Rieds sinn. De rauen Toun kritiséieren och Déi Lénk, wann och vill méi schaarf. "Demokratie an Transparenz ginn anescht" esou den David Wagner géintiwwer der Press an erkläert weider:

"Et ass eng ganz autoritär Approche fir eng Regierung, déi a Wierklechkeet knapps 48 % bei de Walen hat, also keng Majoritéit. Eng autoritär an neoliberal Politik wëll ëmsetzen, déi guer net Konsens mécht an dëser Regierung. Den Här Frieden hält sech fir de CEO oder de Patriarch, mee ech mengen déi Rechnung wäert guer net opgoen. Mir sinn net méi an de 60er a 70er Joren, mir sinn 2024. D'Leit kënne selwer denken, d'Leit erwaarde vun enger Regierung, datt se eppes mécht fir d'Bevëlkerung, mee datt se net esou optrëtt, wéi d'Regierung dat elo mécht. Mat engem Motto: Mir sinn d'Bossen an mir schaffen och fir d'Bossen."

Dat wier net am Sënn vun de Leit, mengen Déi Lénk. De Premier Luc Frieden wier net de Chef vun alle Leit, mee et wier ëmgekéiert. Eng Regierung sollt fir d'Populatioun schaffen.

D'ADR par contre fënnt, dass déi nei Regierung an den éischten 100 Deeg net genuch gemaach an ze vill gezéckt hätt. De Fraktiounschef Fred Keup erkläert, wat ee sech elo erwaart:

"Ech géif soen, dass et interessant gëtt ze kucken, ob se esou weidermaache wéi bis elo, also weider zécken, amplaz wierklech couragéis no vir ze goen. Dat maache se net an ech si gespaant, wann aner Sujete kommen, zum Beispill d'Steierreform, ob se dann de Courage effektiv eng Kéier wäerten hunn, fir wierklech eppes aneschters ze bréngen, fir wierklech och e Plang ze hunn, dee jo bis elo awer feelt. Grosso modo maache se domadder weider - mat e puer Ännerungen natierlech - wou déi Regierung virdrun opgehalen huet. An dat ass net dat, wat d'Leit sech erwaart hunn."

D'Pirate kritiséieren d'Politik vun der neier CSV-DP-Regierung als inkoherent. De Sven Clement schwätzt vun engem klassesche Feelstart:

"Thematesch huet d'Regierung u sech e Feelstart higeluecht, et kann een et net anescht soen. Se huet als éischt vun Aarmutsbekämpfung geschwat a schlussendlech Aarmebekämpfung gemaach. Se huet vu grousse Bauoffensive geschwat a schlussendlech trëtt de Premier méi als Bauteminister op, wéi säin eegene Bauteminister, deen nach mat eegene Skandeelecher beschäftegt ass. Alles dat weist net op eng koherent Regierungspolitik hin, zumindest fir déi éischt 100 Deeg."

Wéi d'Aarmutsbekämpfung an de Koalitiounsverhandlungen als Prioritéit presentéiert gouf, war ee bei deene Gréngen nach optimistesch gestëmmt. Ma dee positiven Androck hätt net laang gehalen, ewéi d'Sam Tanson erkläert:

"A virun allem ass déi éischt Aktioun, déi eigentlech du komm ass, déi huet sech du géint déi Alleräermsten an eiser Gesellschaft geriicht, mat den Heeschterten. A virun allem, wat eis eben do wierklech Suerge gemaach huet, dat ass, mat wéi enger Nonchalance ëmgaange gouf, souwuel mat den Institutiounen, wéi och mat rechtsstaatleche Prinzippien, sou dass déi éischt 100 Deeg dach awer e bëssen duerchwuess sinn. Et kann een op 100 Deeg nach net allze vill soen, mee et sinn awer schonn eng Rëtsch Feeler geschitt an eng Rëtsch Diskussiounen, déi der Politik insgesamt net onbedéngt dénglech waren."

Doduerch géing ee riskéieren, dass d'Populatioun d'Vertrauen an d'Politik verléiert.