RéckbléckDP krut déi meeschte Stëmme bei Europawalen 2019

RTL Lëtzebuerg
Sechs Sëtz huet Lëtzebuerg am Europaparlament ze besetzen. Aktuell hu mer Vertrieder aus véier Parteien zu Stroossbuerg respektiv Bréissel sëtzen.
Den Haaptsëtz vum Europaparlament ass zu Stroossbuerg, verschidde Seance ginn awer och zu Bréissel ofgehalen.
Den Haaptsëtz vum Europaparlament ass zu Stroossbuerg, verschidde Seance ginn awer och zu Bréissel ofgehalen.
© AFP

Bei de leschten Europawalen hat d’DP zu Lëtzebuerg am beschten ofgeschnidden mat 21,4 Prozent (2 Sëtz). D’CSV louch knapp hannendrun mat 21,1 Prozent (2 Sëtz).

Duerno koumen déi Gréng mat 18,9 Prozent (1 Sëtz), d’LSAP mat 12,2 Prozent (1 Sëtz), d’ADR mat 10 Prozent, d’Piraten mat 7,7 Prozent an déi Lénk mat 4,8 Prozent.

Bei wäitem am meeschte gewielt gouf de Charles Goerens (DP) mat 97.584 Stëmmen. Dohannert koum de Christophe Hansen (CSV) mat 62.732 Stëmmen an nach 55.465 haten hir Stëmm der Tilly Metz (Déi Gréng) ginn. Weider goufen nach eragewielt: D’Monica Semedo (DP - 50.954), Isabel Wiseler-Santos Lima (CSV - 49.582) an den Nicolas Schmit (LSAP - 39.152).

Link: Den Iwwerbléck vun de Walresultater vun 2019

Back to Top
CIM LOGO