29. Februar: Den Dag vun de rare Krankheeten30.000 Leit zu Lëtzebuerger leiden un enger rarer Krankheet

RTL Lëtzebuerg
D'Wëssen an d'Opklären iwwert dës rar Krankheete muss verbessert ginn, well och d'Fachleit net ëmmer un dës denken.

Wa manner wéi 2.000 Mënsche betraff sinn, schwätzt ee vun enger seelener Krankheet. Et gëtt geschat, datt 30.000 Leit hei am Land un enger rarer Krankheet leiden. Dat wiere 5% vun der Populatioun. “Eou seelen ass dat also guer net”, sot den Direkter vun der ALAN Daniel Theisen. ALAN ass d’Associatioun hei am Land, déi sech fir déi betraffe Leit asetzt. Mä et ginn eng 6.000 bis 7.000 rar Krankheeten. Et dauert dacks laang bis déi richteg Diagnos gemaach ass.

Extrait Daniel Theisen

“Et ass dacks esou, datt d’Leit bei eng Rei Doktere musse goen. D’Leit sinn dacks méint – oder jorelaang ënnerwee. De Leidenswee ass schwéier z’erdroen, well d’Leit an där ganzer Zäit an der Ongewëssheet liewen.”

Och Fachleit denken net ëmmer u rar Krankheeten. Dat misst verbessert ginn, sou den Direkter vun der ALAN.

ALAN / Live op der Plaz: Anne Wolff

Back to Top
CIM LOGO