Fotoen a VideoStaatsvisitt vum President vun der tschechescher Republik Petr Pavel

RTL Lëtzebuerg
De Grand-Duc Henri huet um Donneschdeg den tschechesche President empfaangen. Hei Andréck vum Emile Mentz.
Staatsvisitt vum President vun der tschechescher Republik Petr Pavel
De Grand-Duc Henri huet um Donneschdeg den tschechesche President empfaangen. Hei Andréck vum Emile Mentz.

No knapp 20 Joer huet Lëtzebuerg nees héije Besuch aus Tschechien. Nieft engem Gespréich mam Grand-Duc ewéi mam Premier Luc Frieden besicht de Chef d’état d’Satellitte-Gesellschaft SES, d’NATO-Agence NSPA an och den europäesche Geriichtshaff.

Trotz kalem, groe Wieder hunn eng Rëtsch Leit et sech um Donneschdeg de Mueren net huele gelooss, Deel vun engem klenge Kapitel Geschicht ze sinn. Zanter knapp engem Joer ass de Petr Pavel President an hie besicht zanterhier europäesch Nopeschlänner.

Mat Militäréieren an 21 Kanouneschëss goufen de President a seng Fra Eva Pavlová offiziell virum Palais um Krautmaart vum Grand-Duc a senger Fra empfaangen.

Virun de politesche Rendez-vouse mam Premier, Ausseminister a Chamberpresident am spéide Mueren, war et fir d’Koppel d’Visitt bei der éiweger Flam um Kanounenhiwwel. Dat Ganzt a Gedenke vun den Affer an der Résistance wärend dem Zweete Weltkrich.

D’Relatioun tëscht béide Länner geet Joerhonnerten zeréck. D’Haus Lëtzebuerg war déi zweet Dynastie, déi déi boheemesch Kinnekskroun 1310 gedroen huet. Haut gesäit déi Relatioun ganz anescht aus an ass virun allem ekonomesch.

Wueren a Servicer am Wäert vu 770 Milliounen Euro goufen 2022 tëscht béide Länner ausgetosch. D’Republik ass domat ee vun de 25 wichtegste Partner fir Lëtzebuerg. Vill Austausch gëtt et um Finanzmaart. Punkto Wuere sinn et virun allem tschechesch Autoen, déi zu Lëtzebuerg op de Stroossen ënnerwee sinn. D’Visitt haut huet sech virun allem op déi lëtzebuergesch an tschechesch Geschicht konzentréiert.

Kuerz drop goung et bei d’Plaz vum Jan Palach. Eng Plaz, déi un en tschechoslowakesche Student erënnert, dee sech aus Protest nom Zerschloe vum Prager Fréijoer a géint Diktatur aus der Sowjetunioun selwer a Brand gesat hat.

Déi tschechesch Republik an d’USA waren am Mee 2021 déi éischt Länner, déi Russland kuerz virum Ukrainkrich op d’Lëscht vun de “feindleche Länner” gesat huet.

D’Visitt geet nach bis e Freideg den Owend. De leschte Besuch vun engem tschechesche President läit iwwregens 18 Joer zeréck. President deemools war de Václav Klaus.

Back to Top
CIM LOGO