D'Mënscherechtskommissioun huet en Donneschdeg am Nomëtteg hire Rapport presentéiert.

2021 an 2022 127 Fäll vu Mënschenhandel hei am Land opgedeckt / Rep. Dany Rasqué

An de Joren 2021 an 2022 goufen zu Lëtzebuerg 127 Fäll vu Mënschenhandel opgedeckt. D'Affer kommen zum gréissten Deel aus engem Drëttstaat an am Contraire zum leschte Rapport ginn et ënnert den Affer dës Kéier méi Frae wéi Männer. 67 Affer si Fraen, 60 Affer Männer. Dat ass doduerch ze erklären, datt d'Police 2021 e grousse Reseau vun Zwangsprostitutioun opgedeckt huet. D'Affer vum Mënschenhandel koume virop aus der Ukrain, aus Russland an aus China. Hir Hierkonft spillt eng Roll bei der Form vu Exploitatioun.

D'Fabienne Rossler, d'Generalsekretärin vun der consultativer Mënscherechtskommissioun: "D'Affer aus China an och aus dem Nepal sinn all a Restauranten exploitéiert ginn. D'Affer aus der Ukrain an aus Russland si gréisstendeels déi aus deem grousse Reseau vun der Zwangsprostitutioun. Et gëtt keen Hiweis drop, datt dat eppes mam Krich an der Ukrain ze dinn hätt, well dat schonn 2021 ugefaangen huet. Do leeft eng Instruktioun, esou datt mer net vill Instruktiounen hunn. Mir wësse just, datt den Haaptauteur eng Fra ass, déi och aus der Ukrain kënnt."

Am Ganze sinn ënnert den 29 Täter 7 Fraen. D'Mënscherechtskommissioun stellt fest, datt d'Zuel vun den Affer och an der Aarbechtswelt klëmmt. Am meeschte betraff wieren den Horeca- an de Bausecteur.

An der Aarbechtswelt géifen awer just Strofe mat integralem Sursis gesprach ginn. Déi betraffen Etablissementer géifen net zougemaach ginn.

De Max Mousel, Jurist bei der CCDH: "Dat heescht an deene Fäll, wou zum Beispill an engem Restaurant een ausgebeut ginn ass, konnt dee Restaurant dono nach viru fueren. Bei der sexueller Ausbeutung ass dat anescht. Bei Cabarete gi méi reegelméisseg Fermeturë geschwat. Do stellt sech dann d'Fro, firwat dat hei net och gemaach gëtt."

D'CCDH kënnt zur Conclusioun, datt de Mënschenhandel nach ëmmer eng Strofdot ass, déi lukrativ fir d'Täter an desastréis fir d'Affer ass.

D'Täter géife meeschtens mat enger Prisongsstrof op Sursis an enger Geldbouss dovukommen, déi a kenger Relatioun stéing mam Profit, dee se gemaach hätten. D'Affer géife seelen eng Entschiedegung froen a wann, da géife se e Brochdeel vun deem kréien, wat se viru Geriicht gefrot hunn. 2021 an 2022 hätte se tëschent 1.000 a 5.000 Euro geleeën.

D’Mënscherechtskommissioun kritiséiert ënnert anerem och d’Aarbecht vun der Direction de l’immigration a vum ONA. Si hätte quasi keng Affer vu Mënschenhandel detektéiert.

De President vun der CCDH, de Gilbert Pregno: "Zum Beispill hu mer festgestallt, dass d'Direction de l'immigration an och den Office national de l'accueil extrem wéineg Affer vu Mënschenhandel detektéiert hunn. Et ass schwéier virstellbar, wéi ee sech uleet, wann ee weess, wéi vill Mënschenhändler aktiv sinn tëschent Libyen a Lampedusa. Dat ass awer schonn eng Fro, déi ee sech muss stellen an do wäert sech jo awer elo eng Kéier eppes änneren."

De Gilbert Pregno seet, e wier och iwwerrascht a geschockt iwwer d'Urteeler. Déi wieren awer näischt am Zesummenhang mam Profit, deen den Täter gemaach huet.