
Um Programm stinn de Waasserschutz, d’Ammoniakwäerter, d’Agrargesetz an d’Bauen an der Gréngzon. Dofir ass nieft der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen och den Ëmweltminister Serge Wilmes zu Senneng dobäi.
D’Anne Wolff huet e Méindeg de Moie scho fir eis beim fräie Lëtzebuerger Bauereverband de Bols gefillt.
Fir de Louis Boonen, Vizepresident vun de fräie Lëtzebuerger Baueren a Comitésmember vun der Landwirtschaftskummer, si besonnesch d’Bauen an der Gréngzon aktuell en Uleies. Sou kéint een zwar e sougenannten Aussiidlerhaff an der Gréngzon opstellen, a kréich och e Wunnhaus accordéiert, mee duerno dierft een net méi bäibauen. Wann d’Kanner dann den Haff iwwerhuele wéilten, missten d’Elteren aktuell dann nees vum Haff. Do misst een nobesseren.
Weiderhin hofft de Bauer och op méi Sécherheet fir ze plangen. Als Beispill weist hien op seng Hal, déi an de Joren 2007 respektiv 2012 opgeriicht gouf.
“Dir gesitt, hei si ganz ënnerschiddlech Giewelen an Héichten am Daach. Dat verhënnert, dass hei d’Loft richteg zirkuléiere kann”.
Dat wier net praktesch geduecht. Esou kosmeetesch Regulatioune géif et am Ausland net.
De Secteur wéilt wëssen, wou et laangfristeg higeet, well e Betrib och mat héijen Investitioune verbonnen ass. De Louis Boonen féiert de Betrib mat 2 Associéeën, rezent hätt ee réischt 4 Milliounen investéiert, déi elo mussen amortiséiert ginn.
“Onméiglech, d’Enner zesummenzekréien”
Am Dezember hat de Landwirtschaftsministère Zuele presentéiert, déi gewisen hunn, dass d’Lëtzebuerger Betriber 2023 e gutt Resultat gemaach hunn. Esou war dat sougenannten uerdentlecht Ergebnis (OE- d’Differenz tëscht reegelméissege Recetten an Depensen) 90% méi héich wéi 2022, an och méi héich wéi d’Moyenne vun de leschte 5 Joer. Ma de Louis Boonen relativéiert:
“Déi Zuele baséieren um Joer direkt nom Ukrainkrich. Dat war e volatilt Joer, wou d’Präisser vill erop-an erofgaange sinn. Do ass um Enn vum Joer en anstännegt Resultat erauskomm. Mä: mir sinn elo beim Mëllechpräis erëm um Niveau virum Krich, allerdéngs sinn all déi aner Präisser net op deem Niveau zeréckgaangen. D’Energiekäschten, zum Beispill den Diesel ass 12 0% méi deier ginn, de Stroum 88 %, d’Kraaftfudder 34 % méi deier, dat heescht de Moment ass et wirtschaftlech onméiglech, d’Enner zesummenzekréien.”
Och duerch déi strikt Ammoniak-Grenz wier et de Betriber quasi net méi méiglech, ze wuessen. Elo hofft hien, dass um Landwirtschaftsdësch Piste fonnt ginn, fir eng mëttel-a laangfristeg Strategie ze fannen, awer och administrativ Prozeduren ze vereinfachen.
Kritik um Landwirtschaftsdësch gouf et am Virfeld, well keng Biobaueren dobäi sinn, grad wéi och keng Ëmweltorganisatiounen oder Leit aus der Fuerschung.