
Fir d’éischt emol d’Eckpunkten: Zum 1. Januar 2023 hunn zu Lëtzebuerg 332.444 Männer gelieft, d’Frae ware mat 328.365 liicht méi schwaach vertrueden. De Grond dofir gesäit de Statec an der Migratioun, an där méi Männer op Lëtzebuerg kommen, wéi Fraen. Eng Ausnam ass dobäi déi ukrainesch Populatioun zu Lëtzebuerg, déi mat 67,6 Prozent virun allem aus Frae besteet.
De sougenannten “Gender Pay Gap”, also den Ecart tëscht dem duerchschnëttleche Stonneloun vun de Fraen an deem vun de Männer, louch am Joer 2021 mat -0,2 Prozent eng éischte Kéier am negative Beräich. De rezentsten Donnéeë vum Statec no ass den Ecart 2022 nach emol zu Virdeel vun de Frae geklommen, nämlech op -0,7 Prozent.

Op d’Joer gekuckt verdéngen d’Männer awer nach ëmmer méi, wat ënnert anerem drop zeréckzeféieren ass, datt méi Fraen an Deelzäit schaffen an eng Rei Männer besonnesch héich Salairen a Bonusse mat Heem bréngen. D’Bonusse mat agerechent hunn d’Männer mat 4,5 Prozent méi Joresakommes d’Nues vir. Ouni de Bonus ass d’Joresakommes allerdéngs mat engem Ecart vun 0,1 Prozent quasi ausgeglach.
Datt d’Stonnenakommes vun de Männer hei zu Lëtzebuerg liicht méi niddreg ass, wéi dat vun de Fraen, ass dem Statec no eng exzeptionell Situatioun an Europa. Tatsächlech louch den EU-Schnëtt 2021 däitlech méi héich: pro geschaffte Stonn hu Fraen 2021 EU-wäit 12,7 Prozent manner verdéngt, wéi hir männlech Kolleegen.
Den Gender Pay Gap ass zu Lëtzebuerg allerdéngs net an alle Secteuren esou ausgeglach. Virun allem de Finanzsecteur (23%), den Immobiliesecteur (23%), oder och nach de Commerce (18%) stiechen als Beräicher eraus, wou d’Männer pro Stonn nach ee gudde Krack méi verdéngen, wéi d’Fraen.
Ee weidere Punkt, wou et nach gréisser Ënnerscheeder tëscht de Fraen an de Männer gëtt, ass d’Zort vun der Beschäftegung. Frae si mat 36 Prozent nach ëmmer däitlech méi heefeg am Temps partiel, wéi d’Männer (8 Prozent). An obwuel et sech iwwert déi lescht 20 Joren ëmmer méi ugeglach huet, ginn ëmmer nach manner Frae schaffen, wéi Männer. 2021 waren et 70 Prozent vun de Fraen, géint 78 Prozent bei de Männer.

Wat d’Bildung ugeet, ginn et zwar méi Frae mat Bachelor oder engem equivalenten Ofschloss (18,4 Prozent zu 13,9 Prozent bei de Männer), beim Master oder méi héijen Ofschlëss hunn d’Männer mat 27,9 Prozent zu 23,4 Prozent awer d’Nues vir. Den aktuellsten Donnéeë vum Statec no waren ënnert alle Salariéeën am Joer 2018 allerdéngs just 38 Prozent Fraen a Féierungspositiounen.
2022 gouf eng Fra am Schnëtt mat 31,1 Joer fir d’éischte Kéier Mamm. Am Joer 2000 louch den duerchschnëttlechen Alter dofir nach bei 28,1 Joer. D’Zuel vun de Kanner, déi eng Fra am Schnëtt kritt, geet allerdéngs ëmmer weider erof. Krut eng Fra am Joer 2000 nach an der Moyenne 1,78 Kanner, louch dëse Wäert am Joer 2021 just nach bei 1,38. Frae bestuede sech am Schnëtt och ëmmer méi spéit, an zwar 2022 mat 32,5 Joer, am Verglach zu 27,6 Joer am Joer 2000.

Dem Chancëgläichheetsministère no gi 86,6 Prozent vun de Familles monoparentales vun enger Fra geleet. Donnéeë vum European Insitute for Gender Equality no iwwerhuelen zu Lëtzebuerg mat 30 Prozent och méi vun der deeglecher Care-Aarbecht, andeems si sech ëm Kanner oder eeler Familljemembere këmmeren. Bei de Männer louch dësen Taux 2023 bei 21 Prozent.
Bei der Verdeelung vun der Aarbecht am Stot gesäit et änlech aus. 62 Prozent vun de Fraen zu Lëtzebuerg maachen all Dag Hausaarbecht, entgéint 49 Prozent vun de Männer.
Wat d’Kannererzéiung ugeet, huelen dem Chancëgläichheetsministère no zu Lëtzebuerg zanter 2019 méi Männer wéi Frae Congé parental. Dobäi muss awer gesot ginn, datt Männer méi dacks een Dag an der Woch ufroen, wärend d’Frae méi Temps plein a Mi-temps ufroen.
Demografeschen Donnéeë vum Statec no hunn d’Fraen zu Lëtzebuerg eng Liewenserwaardung vun iwwer véier Joer méi, wéi d’Männer zu Lëtzebuerg. Si ginn am Schnëtt 84,8 Joer al, wärend Männer duerchschnëttlech just 80,5 Joer al ginn. D’Männer liewen dofir awer méi laang a gudder Gesondheet, wéi d’Fraen. Männer kënne mat 64 Joer ouni gréisser Aschränkunge rechnen, wärend et bei de Frae just 62 Joer sinn.
Déi heefegst Doudesursaach bei de Fraen, mat 25 Prozent vun de Fäll, si kardiovaskulär Erkrankungen. Bei de Männer si mat 28 Prozent dogéint Tumeuren déi heefegst Doudesursaach. De Statec notéiert dann awer och nach, datt Doudesfäll duerch mental Krankheete bei Frae méi heefeg sinn, wéi bei de Männer. Am Joer 2021 huet dës Ursaach 8,5 Prozent vun den Doudesfäll bei Fraen ausgemaach, bei de Männer waren et der 5,3 Prozent.