"Mir schafe Vertraue fir d’Zukunft" - dat waren déi lescht Wieder an der Ried vum Finanzminister e Mëttwoch de Moien.

De Gilles Roth huet de Budgetsprojet fir dëst Joer deposéiert, dee wéinst dem Regierungswiessel just d'Méint Mee bis Dezember ofdeckt. De Gilles Roth huet gutt Nouvellen zum Zoustand vun den ëffentleche Finanze matgedeelt: de Budgetsdefizit beim Zentralstaat, also ouni Gemengen a Sozialkeesen, géing elo schonn ëm 1,6 Milliard méi niddreg leien ewéi viru puer Méint erwaart. Um Enn vun der Legislaturperiod géing een a Punkto Staatsschold ënner 30% vum PIB landen – "sauf imprévu natierlech", esou de Finanzminister.

"Imprevuen", där gouf et der déi lescht Jore jo genuch: d'Covid-Kris war deier, mee och d'Bremsen op den Haussë vun den Energiepräisser, respektiv d'Mesurë géint d'Inflatioun. Déi Mesurë kaschten dëst Joer iwweregens 900 Milliounen Euro - also däitlech méi. Fir d'nächst Joer kuckt d'Regierung nach ewéi se domadder weiderfiert. An de Budgetsdefizit géing trotzdeem zeréckgoen. Donieft géing en erofgoen, obwuel nach dobäi kennt, datt déi nei CSV-DP-Regierung de Barème deels un d'Inflatioun ugepasst huet - eng Entlaaschtung, déi 480 Milliounen Euro manner Recetten dëst Joer eleng fir de Staat bedeit. Obwuel d'Regierung Honnerte Millioune méi Depensë fir d'Hëllefsmesurë fir de Bau an den Invest an de Logement decidéiert huet, d'Militärausgaben erhéicht an nei Investissementer an d'Infrastruktur geplangt sinn.

Wéi kann et sinn, datt den Defizit erofgeet?

Engersäits wier et eng positiv Entwécklung bei de Recetten, méiglecherweis och de wirtschaftleche Rebound. Mee besonnesch, well op der Säit vun den Depensen, déi d'lescht Joer zweemol méi geklomme sinn ewéi d'Recetten, "Efforten" gemaach goufen a ginn, esou de Gilles Roth. Hien huet och confirméiert, wat hie virun zwou Wochen hei op RTL als éischt schonn annoncéiert hat: D'Spuerefforte wiere bei de lafenden Ausgaben, de Fonctionnementskäschten also. Et géing vill op d'Digitaliséierung gesat ginn. D'Zuel vun Neiastellunge beim Staat bleiwen héich, mee klamme manner séier ewéi an der Vergaangenheet. De gréissten Zouwuess wier bei der Police, an der Educatioun an an der Arméi. Den Zouwuess vun 10% an der Moyenne iwwert déi lescht Jore kéint een awer net bäibehalen, esou de Gilles Roth.

Eng nei Mesure op der Säit vun de Recettë gëtt et awer. Eng Hausse vun den Akzisen um Tubak ëm 2,7% an nei Akzisen op aneren Tubaksprodukter ewéi E-Zigaretten oder Nikotin-Säckelcher.

Déi nächst Jore wëll de Gilles Roth d'Spuermesurë bei de Fonctionnementskäschte weiderféieren. Donieft wëll de Finanzminister, datt ee sech méi verstäerkt mat "alternative Finanzéierungsmodeller" beschäftegt, zum Beispill am Wunnengsbau.

Engersäits wier et eng positiv Entwécklung bei de Recetten, méiglecherweis och de wirtschaftleche Rebound. Mee besonnesch, well op der Säit vun den Depensen, déi d'lescht Joer zweemol méi geklomme sinn ewéi d'Recetten, "Efforten" gemaach goufen a ginn, esou de Giles Roth. Hien huet och confirméiert, wat hie virun zwou Wochen hei op RTL als éischt schonn annoncéiert hat: D'Spuerefforte wiere bei de lafenden Ausgaben, de Fonctionnementskäschten also. Et géing vill op d'Digitaliséierung gesat ginn. D'Zuel vun Neiastellunge beim Staat bleiwen héich, mee klamme manner séier ewéi an der Vergaangenheet. De gréissten Zouwuess wier bei der Police, an der Educatioun an an der Arméi. Den Zouwuess vun 10% an der Moyenne iwwert déi lescht Jore kéint een awer net bäibehalen, esou de Gilles Roth.

Eng nei Mesure op der Säit vun de Recettë gëtt et awer. Eng Hausse vun den Akzisen um Tubak ëm 2,7% an nei Akzisen op aneren Tubaksprodukter ewéi E-Zigaretten oder Nikotin-Säckelcher.

Déi nächst Jore wëll de Gilles Roth d'Spuermesurë bei de Fonctionnementskäschte weiderféieren. Donieft wëll de Finanzminister, datt ee sech méi verstäerkt mat "alternative Finanzéierungsmodeller" beschäftegt, zum Beispill am Wunnengsbau.

Hien huet awer och confirméiert, datt d'Betribssteier d'nächst Joer an engem éischte Schrëtt ëm 1 Prozentpunkt wäert erofgesat ginn. Och d'Besteierung vun aktiv geréierten ETF-Fongen wäert erofgoen, well déi jo hei am Land ganz staark ënnert der Konkurrenz vun Irland leiden. De Finanzminister huet awer och weider Entlaaschtunge fir d’Leit ugekënnegt, virun allem fir Elengerzéiend a Wittleit, also d'Steierklass 1A. Eng grouss Steierreform, wou d'Steierklassen u sech solle jo ofgeschaaft ginn, déi huet hien e Mëttwoch net erwäänt: dës soll och réischt Enn vun der Legislatur als Projet emol op den Dësch geluecht ginn.

De Bugetsprojet confirméiert deemno d'Approche vun der neier Regierung: si wëll d'Wirtschaft stäerken, fir esou de Sozialmodell weider kënnen ze finanzéieren. Eng Approche, déi couragéis ass. De Gilles Roth sot och a senger Ried: de Budget setzt op "Mutt an Zouversiicht, net op Angscht a Verdross".

De Gilles Roth huet um Schluss vu senger Ried säi Budget a fënnef Stéchwierder an a genee enger Minutt resuméiert:

  • Entlaaschtung vun de Leit a Betriber: Finanziell mee bürokratesch
  • Solidaritéit: Heiheem an dobaussen
  • Invest an d'Leit, an d'Betriber an an d'Infrastrukturen
  • Effizienz beim Ausgi vun de Suen
  • Nohalteg Ofsécherung mat Sputt a Spillraum fir d'Zukunft

Rapporter fir de Budgetsprojet ass d'CSV-Deputéiert Diane Adehm. D'Chamber stëmmt da viraussiichtlech de 25. Abrëll iwwert de Budget of.

De Gilles Roth ass e Mëttwoch den Owend iwweregens um Plateau vun der Tëlee an en Donneschdeg de Moien Invité vun der Redaktioun um Radio.